An der däitscher Bundesliga war e Freideg den Owend ee Match. De Leader Bayern München krut et mat Augsburg ze dinn.

Ouni de Kane wier de Bayern-Match wuel anescht ausgaangen. Laang huet Augsburg dem Géigner konnten d’Stier bidden, en Handspill an der zweeter Hallschent huet dunn awer alles verännert. Per Videobeweis krut Bayern en Eelefmeter zougeschwat, deen de Kane äiskal verwandele konnt.

3:0 huet Bayern München um Enn géint den FC Augsburg gewonnen. Allen 3 Goler duerch den Harry Kane, dovun zwee duerch Eelefmeter (63′ an 90’+3) an nach ee Gol aus dem Spill eraus (90’+5).

Domat huet Bayern elo mol 8 Punkte Virsprong op den RB Leipzig, déi e Samschdeg op de VfL Wolfsburg treffen.

An der franséischer Ligue 1 ware souwuel de Leader PSG an och den Tabellenzweete Monaco gefuerdert.

Den AS Monaco huet um fréie Freidegowend 3:2 géint Stade Brest gewonnen.
 
Fir de PSG war et mat der Partie géint Toulouse d’Generalprouf virum Duell mam FC Bayern München an der Campions League. An déi hu si mat Bravour gemeeschtert. De Match ass 3:0 ausgaangen.

Den 1:0 gouf et nach an der éischter Hallschent vun der Partie duerch den Neves (35′). Den 2:0 ass an der 84. Minutt duerch de Beraldo gefall an de leeschte Gol gouf et an der Nospillzäit duerch de Vitinha (90’+1).

Den Iwwerbléck vum Internationale Futtball