De Christophe Hansen vun der CSV krut d’Präferenz vis-à-vis vum Commissaire “sortant” a Spëtzekandidat vun den europäesche Sozialdemokraten Nicolas Schmit.

De Christophe Hansen soll den neie Lëtzebuerger EU-Kommissär ginn fir de Portefeuille Landwirtschaft a Liewensmëttel.

Den Nicholas Schmit sot sech am RTL-Gespréich net ganz iwwerrascht. Si hätt sech déi Decisioun erwaart. De Premier Luc Frieden hätt sech op eng typesch Manéier duerchgesat.
 
“Am Ufank wäert et den Här Frieden gewiescht sinn, deen einfach senger Partei wollt Satisfaktioun ginn. Wann een natierlech e Koalitiounsofkommes hei zu Lëtzebuerg oder ee Verspriechen un ee Parteikolleeg, iwwer europäesch Prinzippien setzt, dat seet ganz vill iwwert d’Attitüd zu Europa…..Mee och dat wonnert mech net vum Här Frieden.”
 
D’Zesummesetze vun der neier Kommissioun wier och typesch fir d’Presidentin von der Leyen.
 
“Wat ganz kloer ass, dat ass, datt et eng Konfusioun gëtt an där Kommissioun, dass d’Portefeuillen duerchernee gerëselt gi sinn. An och dat huet een Objektiv an dat ass de grousse Problem vun der Gouvernance:
Divide et Impera. Wat Dir méi Konfusioun kreéiert, wat Dir besser d’Saache selwer ” on Top” kontrolléiert
 
Alles dat wier net gutt fir ee méi soziaalt Europa.