D’Pläng vum US-President mat Indemnitéite fir Leit, déi beim Staat schaffen, de Regierungsapparat méi kleng ze maachen, goufe vun engem Riichter gestoppt.
Wéi ënnert anerem d’Washington Post en Donneschdeg geschriwwen huet, huet e Riichter am Bundesstaat Massachusetts fir den nächste Méindeg eng Auditioun zum Sträit ëm d’Offer vun Indemnitéiten un déi iwwer zwou Millioune Mataarbechter vun den Autoritéiten ugesat.
D’Regierung vum Donald Trump hat jo an enger E-Mail u jiddereen, dee beim Staat schafft, versprach, datt, wann ee bis dësen Donneschdeg um 23.59 Auer géing decidéieren, ze kënnegen, een nach bis September eng Pai kréich. Donieft war am Mail erkläert ginn, datt an de meeschten Autoritéite Plaze géingen ofgebaut ginn. Deemno wier et och ouni Kënnegung net sécher, ob ee seng Plaz géing halen.
De Bundesriichter George A. O’Toole Jr. huet den Ultimatum elo der “Washington Post” no als “onrechtméisseg, iwwerstierzt” bezeechent an d’Pläng ausgesat. Ënnert anerem haten eng Rei Gewerkschafte géint de Programm geklot, déi iwwer 800.000 vun de Mataarbechter vertrieden.
Wéi e Mataarbechter vun der Autoritéit fir Personalverwaltung – vu wou aus d’Mail geschéckt gouf – der Noriichtenagence AFP géigeniwwer sot, géing et drëm goen, “Panik” ze verbreeden an esou Kënnegungen z’erreechen. Der Spriecherin vum Donald Trump, der Karoline Leavitt, no hate bis en Donneschdeg iwwer 40.000 Mataarbechter d’Offer ugeholl.