Zu Cuxhaven an Däitschland huet eng 22 Joer al Fra hiren 10 Méint jonke Puppelchen am Internet fir ze Verschenken ugebuede mat Versandkäschte vu 6,75€.

Eng Rei Leit hätten doropshin d’Police kontaktéiert, déi mam Jugendamt bei d’Adress gefuer ass, déi an der Annonce ugi war, genee wéi och den Numm vum Kand. D’Famill huet behaapt, datt ganzt wier als Witz gemengt. An der Annonce stoung, d’Kand wier net brav gewiescht.