Luxemburgo

f946b706-adf2-4e80-85fb-d2dff90b916e_00002.jpg
Luxemburgo, RTL, Luxemburgês
2026-02-13 03:08:30
Vill Lëtzebuerger zitt et dëser Deeg an de Schnéi. Dacks eng deier, an deels och eng geféierlech Vakanz. Wat sinn d’Trends, op wat soll een oppassen? D’Trends an d’Präisser vun dëser Wantersport-Saison Vill Lëtzebuerger zitt et dëser Deeg an de Schnéi. Dacks eng deier, an deels och eng geféierlech Vakanz. Wat sinn d’Trends, op wat soll een oppassen? D’Fuesvakanz steet virun der Dier an zitt all Joer op en Neits vill Lëtzebuerger a Richtung Bierger, wou Schifueren um Programm steet. Ma de Pistespaass ass och ëmmer mat ville Käschte verbonnen. De Präis vun de Schipäss ass an der Moyenne em 5 Prozent am Verglach zum leschte Joer geklommen. Dëst gëllt fir déi ganz Alperegioun. Eng Famill vu 4 Käpp muss fir dräi Schi-Deeg jee no Land tëscht 300 an 800 Euro op den Dësch leeën. Dobäi kommen dann nach sämtlech aner Käschten, vum Ekipement bis zur Verfleegung. Wien sech op...
a0e90753a1325c75cf26b7b40dc1cd2e.jpeg
Luxemburgo, RTL, Luxemburgês
2026-02-12 19:25:06
D’Police huet en Donneschdeg den Owend en dréngenden Opruff gemaach wéinst dem Risk vun Héichwaasser zu Ettelbréck. Et ass den dréngenden Appell un all d’Leit, déi hire Won um Parking Däich zu Ettelbréck geparkt hunn, dësen direkt ze réckelen. Wéinst dem Risk vun Héichwaasser gouf de Parking gespaart. Source link
286476a827bb53a2a41f7072608140ed.jpg
Luxemburgo, RTL, Luxemburgês
2026-02-12 11:56:12
Well den Demarreur fir Brandgefor suerge kéint, ginn iwwert eng hallef Millioun Autoen an d’Garagë geruff. 16 Modeller, déi och zu Lëtzebuerg verkaaft gi sinn, si betraff. Dem Magasinn “Kfz-Betrieb” no rifft den däitschen Autoskonstrukteur weltwäit bis zu 575.000 Gefierer zréck, bei deenen den Demarreur ersat muss ginn. Et géing am schlëmmste Fall Brandgefor bestoen, sou BMW no enger Rei Kontrollen a Reklamatioune vu Clienten. E geneeë Chiffer wollt de Constructeur net nennen an huet just vun enger “sechsstelleger” Zuel geschwat. Laut “Kfz-Betrieb” géing et sech ëm bis zu 575.000 betraffen Autoen handelen. Betraff si 16 verschidde Modeller, déi tëscht dem Juli 2020 an dem Juli 2022 produzéiert gi sinn, an och Autoen, déi an Tëschenzäit bei Reparaturen ee vun de concernéierten Demarreuren agebaut kritt hunn. En Deel dovu ka bei ze villem Uloosse vum Motor zu engem Kuerze féieren, wat eng lokal Iwwerhëtzung an dann e Feier no sech...
afp-20260211-hl-jbonnery-3056553-v1-highres-francestormnilsinoccitanieheavyrain.jpg
Luxemburgo, RTL, Luxemburgês
2026-02-12 04:44:23
An der Nuecht op en Donneschdeg respektiv nach de Moien ass den “Nils” op Deeler a Südfrankräich getraff Ronn 850.000 Stéit waren en Donneschdeg e Moien nach vum Elektreschen ofgeschnidden, nodeem de Stuerm “Nils” op de Süde vu Frankräich getraff ass. D’Autoritéiten haten eng “Vigilance rouge” erausgi wéinst villem Reen a staarkem Wand. Betraff waren ënner anerem d’Savoie an d’Aude. Déi Regioun, déi am Schlëmmste getraff gouf, war d’Nouvelle-Aquitaine, wou eng 485,000 Stéit ouni Stroum waren, esou wéi och d’Occitanie, wou 318.000 Stéit am Donkele souzen. Dat war d’Situatioun vun en Donneschdeg dem Moien um 6 Auer. De Bedreiwer vum Reseau Enedis huet scho reagéiert an 360 Mataarbechter mobiliséiert, fir séier kënnen op den am Schlëmmste betraffene Plazen anzegräifen. Schonn e Mëttwoch en Owend hat een 1.400 Leit mobiliséiert, déi séier op d’Situatioun reagéiere konnten. Bis ewell ass duerch de Stuerm och op d’mannst eng Persoun ëm d’Liewe komm. Bei...
afp-20260211-974p26e-v1-highres-fblgercupbayernmunichleipzig.jpg
Luxemburgo, RTL, Luxemburgês
2026-02-11 21:24:39
E Mëttwoch den Owend stoung nieft dem DFB-Pokal och d’Suite vum 26. Spilldag an der Premier League um Programm. An Däitschland gouf am DFB-Pokal e Mëttwoch den Owend déi lescht Véierelsfinall gespillt, dat tëscht Bayern München an RB Leipzig. Et goung drëm ze decidéieren, wéi ee Veräin nieft Leverkusen, Stuttgart a Freiburg et nach bis an d’Halleffinall packt. An der Bundesliga ware et zwee mol eng kloer Affär fir d’Bayern. An den éischte Minutten huet Leipzig d’Bayern fréi geschockt. An der 4. Minutt huet de Christoph Baumgartner konnten den 1:0 markéieren, allerdéngs gouf de Gol nach emol kontrolléiert. Dobäi ass erauskomm, dass den Éisträicher mam rietse Fouss am Abseits stoung. An den éischte 45 Minutte konnt keng Ekipp dem Match sou richteg de Stempel opdrécken. Et war e Match op Aenhéicht an et goung mat engem gerechten 0:0 an d’Paus. An der 2. Hallschent haten d’Bayern an der 58. Minutt...
afp-20260211-aa-11022026-2646501-v1-highres-israeliforcesdemolishapalestinianho.jpg
Luxemburgo, RTL, Luxemburgês
2026-02-11 13:47:52
Ënner anerem am Duerf Beit Awwa goufe weider Haiser zerstéiert, déi der israeelescher Arméi no ouni Autorisatioun opgeriicht goufen. Als Reaktioun dorobber, datt Israel säin Afloss a seng Kontroll am besate Westjordanland weider verstäerkt, huet de palästinensesche Leader Mahmoud Abbas elo d’USA opgeruff, “schaarf” op dës Situatioun “ze reagéieren”. Bei senger Visitt zu Oslo huet den Abbas d’Gewalt vun den israeelesch Siidler ugeschwat, wéi awer och kritiséiert, datt “4 Milliarden Dollar”, déi fir d’palästinensescht Vollek geduecht sinn, vun Israel agefruer goufen. “D’US-Regierung an déi international Communautéit musse schaarf op dës dach uerg Verstéiss reagéieren”, sot den Abbas, well dëst Virgoe verhënnert u sech dem US-President seng Efforten a verstousse géint internationaalt Recht. Nach méi Kontroll am Westjordanland Mat Hëllef vun der Arméi wëll Israel an der besater Regioun seng Pläng ëmsetzen. E Sonndeg hat de Sécherheetscabinet vun Israel verschidde Mesuren guttgeheescht, déi d’Kontroll vun Israel an der Regioun, déi u...
original.png
Luxemburgo, RTL, Luxemburgês
2026-02-11 06:51:38
Op der Escher Autobunn war an der Nuecht op e Mëttwoch géint 3.20 Auer e Geeschterfuerer ënnerwee. De Chauffer war net just an déi falsch Richtung op der A4 ënnerwee, hien huet dunn och nach decidéiert, d’Ausfaart zu Steebrécken hannerzeg erofzefueren. Eng Police konnt dem Automobilist seng Aventure kuerz Zäit drop um CR13 stoppen. Bei der Kontroll vum Chauffer hu sech däitlech Zeeche vun Alkoholkonsum gewisen. De Mann krut doropshi säi Fürerschäin ofgeholl. De CGDIS huet dann och nach zwee Accidenter en Dënschdeg den Owend gemellt. Zu Leideleng an der Rue de La Gare si géint 17.20 Auer zwee Autoen aneneegeknuppt. Zwou Persoune goufe verwonnt. Dräi Blesséierter gouf et dann nach tëscht Schëndels a Koplescht um CR102. Dräi Gefierer waren hei géint 19 Auer net laanschtenee komm. Hei war och de Samu am Asaz. Source link
screenshot_20260210193133_3447643_5376b1305737fd8dfd5e047c8c73b2ff.jpg
Luxemburgo, RTL, Luxemburgês
2026-02-10 23:57:47
5,3 Millioune Passagéier goufen zejoert via de Lëtzebuerger Fluchhafen transportéiert an dëst Joer wäert dee Rekord nees gebrach ginn. De Wuesstem um Findel schéngt net ze bremsen. Net just d’Aerogare soll bannent den nächste sechs Joer moderniséiert ginn. lux-Airport plangt Investissementer an der Héicht vu ronn enger Milliard Euro. Kaum ee Beräich wäert esou bleiwen, wéi mer en haut kennen. Ugefaange mam Ausbau vun der Aerogare, déi haut schonn an de Spëtzenzäiten un hir Capacitéitsgrenze stéisst. Bannena gëtt de Raum nei organiséiert, optimiséiert a moderniséiert. Parkpositioune fir d’Fligeren an Taxiways gi renovéiert. Nieft dem Cargozenter, deen iwwregens och ausgebaut an automatiséiert gëtt, entsteet dat neit Tanklager. Geplangt sinn nei Gebaier fir Catering an Atelier. Do, wou 1946 alles ugefaangen huet, soll wa méiglech bis 2029 en neien Terminal fir VIP- a Privat-Aviatioun aus dem Buedem schéissen. Investissementer fir och an Zukunft an de Beräicher Passagéier a Fracht, eng zentral Roll...
screenshot_20260210200927_3447657_08cc04cf52e06935c7c4d0d0a3f60347.jpg
Luxemburgo, RTL, Luxemburgês
2026-02-10 16:18:47
D’Blessing Sajowa krut hir Openthaltsgeneemegung am Juli 23. Eigentlech hätt se d’Strukture vum ONA ee Joer drop misste verloossen. Mee si seet, si géif keng Wunneng fannen. Leschten November huet den ONA hir schrëftlech matgedeelt, dass si nëmmen nach bis dëse Mëttwoch an hirem Foyer gedult wier. De Familljeminister Max Hahn wëllt sech net zu Eenzelfäll äusseren, erënnert awer dorunner, dass d’ONA-Foyeren nëmmen Iwwergangsléisunge sinn: “Nach ass et esou, dass nach ëmmer ganz vill Leit kommen, an an Zäiten, wou mer keng fräi Better hunn, da mussen natierlech och déi Leit, déi laang a ganz laang schonn an de Strukture sinn, mussen dann natierlech och Plaze maachen, fir déi, déi virun der Entréesdier stinn, Leit, déi nei kommen, déi Schutz hei zu Lëtzebuerg sichen, fir deenen hir Chance ze ginn.” Effektiv géif den ONA unerkannte Refugiéeën – déi sougenannte “Bénéficiaires de Protection Internationale” – aktiv opfuerderen, de Foyer no 12...
news-bee-secure-radar-2026.png
Luxemburgo, RTL, Luxemburgês
2026-02-10 08:35:30
Där Meenung sinn iwwer 50% vun de Jonken tëscht 17 an 30 Joer. Gutt iwwer d’Hallschent vun de Jonken tëschent 17 an 30 Joer am Grand-Duché hunn an enger rezenter Ëmfro vu Bee Secure uginn, datt déi sozial Medien en negativen Impakt op hiert Wuelbefannen hunn. Trotzdeem ass ronn een Drëttel vun de Befroten all Dag véier Stonnen oder méi op Social Media ënnerwee. Ënnert anerem déi Zuelen huet de Service national de la jeunesse en Dënschdeg de Moien am Kader vum Safer Internet Day virun der Press genannt. Aus dem neie Rapport “BEE SECURE Radar” geet och ervir, datt Desinfomatioun a Fakenews esouwuel vu Jonker selwer, ewéi vun Enseignanten an Elteren als eng vun den Haaptgefore gesi ginn am Zesummenhang mat den neien Technologien. D’Bee-Secure-Helpline ass iwwerdeems zejoert mat iwwer 700 Uriff däitlech méi dacks an Usproch geholl gi wéi déi Jore virdrun. 2024 waren et ronn 530 Uriff....
Translate »