Geduecht gouf un déi 23 Resistenzler, déi de 25. Februar 1944 vun der SS zu Hinzert ëmbruecht goufen.

E Sonndeg ass den nationalen Dag vun der Resistenz. D’Arméiministesch Yuriko Backes war an der Mëttesstonn fir d’Regierung bei der Gedenkzeremonie beim Hinzerter Kräiz um Nikloskierfecht derbäi an huet eng Ried gehalen.