Et wier e gutt Resultat fir Däitschland an och Europa, esou de Luc Frieden, dee betount huet, eng Koalitioun aus zwou Parteie wier besser, wéi eng zu dräi.
De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden ass ganz zefridde mam Resultat vun den däitsche Bundestagswalen. Wann ee géing gesinn, dass zwou grouss Parteien aus der Mëtt eng stabil Regierung kënnen op d’Been stellen, wier dat ganz positiv.
Wuelstand a Sécherheet, dat wieren déi zwee grouss Themen, déi d’CDU/CSU wäert mat an déi nächste Regierung huelen a ganz allgemeng géing ee gesinn, dass eng Koalitioun aus zwou Parteie besser ass, wéi eng Koalitioun zu dräi. Dofir wier dëst e gutt Resultat fir Däitschland an Europa.
An den Ae vum Premier Frieden wier et och richteg, d’AfD auszeschléissen. D’AfD wier nämlech eng Partei mat Positiounen, déi weit wech si vun der politescher Mëtt, notamment pro-russesch a géint den Euro. Et misst een awer versichen, aus der politescher Mëtt eraus ze leeden. Dofir géing hie begréissen, dass d’Unioun keng Koalitioun mat der AfD ageet, obwuel si zweetstäerkst Partei sinn. De Luc Frieden betount awer och, dass et wichteg wier ze verstoen, firwat d’Wieler esou gewielt hunn. An alle Länner wou sech d’Extremer méi staark manifestéieren (Däitschland, Éisträich, Frankräich, Holland) misst ee kucken, firwat d’Leit esou wielen. Et wiere virop Ongerechtegkeetsgefiller an Ängschte virun der Migratioun an déi Suerge muss een eescht huelen, also net mat der AfD regéieren, mee hir Wieler eescht huelen, fënnt de Lëtzebuerger Premier.
Xavier Bettel: “Mir brauchen op gemeinsam Probleemer gemeinsam Léisungen”
Och de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel huet am Interview ënnerstrach, wéi wichteg et wier, d’Suerge vun de Leit eescht ze huelen. Extreem Parteie wéi beispillsweis d’AfD, Linke oder BSW géife soss profitéieren an einfach Äntwerten op komplizéiert Froe ginn, esou den Ausseminister, dee betount huet, datt grad Sujete wéi d’Migratiounsfro eng gemeinsam Politik an e gemeinsaamt Virgoen erfuerderen.