D’Regierung consultéiert, mee kommunizéiert weider net, wéi d’Positioun vu Schwaarz-Blo a punkto Pensiouns-Reform ass.

Ëmmerhin leien lo aktualiséiert Projektioune mat 3 Datumer um Dësch, éier an zwou Wochen d’Chamber fir eng éischt Consultatiounsdebatt beienee kënnt.
 
Dem leschten Zenario vun der IGSS no kéint d’nächst Joer ewell automatesch e Reajustement declenchéiert ginn, fir datt d’Indexatioun op de Pensiounen erofgeet. U sech war bis ewell vun 2028 eréischt geschwat ginn, bis deen Defizit erreecht gëtt.

2039 dann soll de legale Seuil vun de Pensiounsreserven iwwerschratt ginn. Och dat 2 Joer éischter wéi soss geduecht. Definitiv wieren dann d’Reserve vun der Pensiounskeess 2045 opgebraucht, also a genee 20 Joer.
 
Dës 3 Datumer gëllen de Seuilen no, déi duerch d’Reform vum Pensiounssystem 2013 fixéiert goufen. Um Mëttwoch  kruten d’Deputéiert an der zoustänneger Chamber-Sozialkommissioun dës aktualiséiert Termäiner presentéiert.

2022 goufen et 200.000 Pensionäre par Rapport zu enge 500.000 aktiven Awunner. Bis 2050 wäerte sech dës Chiffere verduebelen – bis 2070 souguer verdräifachen.

D’Ministesch Martine Deprez wëll bis d’Chamberdebatt all d’Meenunge vun de Chamber-Fraktioune beieneen hunn: Ënner anerem also iwwert de Montant vun de Pensiounen, de Verglach tëscht den zwee Pensiounssystemer grad wéi de Pensiouns-Antrëttsalter.