Bei Bauaarbechten a Südkorea ass eng Bréck an e Koup gefall. Dobäi sollen aktuellem Stand no véier Leit ëmkomm a sechs blesséiert gi sinn.

Zwee Südkoreaner an zwee Chineesen hunn den Tëschefall net iwwerlieft, donieft goufe fënnef Leit schwéier an eng Persoun méi liicht blesséiert.

Passéiert ass dat ganzt zu Anseong eng 65 Kilometer südlech vu Seoul. Passéiert ass en en Dënschdeg géint 9.50 Auer Lokalizäit, also 1.50 Auer eiser Zäit.

D’Entreprise déi de Chantier Leed, huet sech fir d’Ongléck entschëllegt a matgedeelt, datt een “aktiv mat den zoustännegen Autoritéite” géif zesummeschaffen.