An de Formatiounszenter op Réimech hat den OGBL op seng Immigratiouns Konferenz invitéiert.
Och haut nach schaffen dausende Leit aus allméigleche Länner zu Lëtzebuerg a Schlësselpositiounen a leeschte manuell oder intellektuell Aarbecht. Dag fir Dag géife si zum Räichtum vum Land bäidroen, esou d’Maria Das Dores Azeredo Dos Santos. D’Presidentin vum Departement vun den Immigrante beim OGBL verweist och op déi mi jonk Generatiounen “ces fils et filles d’immigrés qui participent activement à la vie culturelle, sociale, sportive et politique du Luxembourg. Leur rôle est fondamental pour l’avenir de notre société.”
D’Immigratioun ass net just en Deel vun der Geschicht vun eisem Land, mee och vu senger Zukunft, do stëmmt den Inneminister Léon Gloden zou. Den CSV-Politiker erënnert drun, datt hien d’Konditiounen fir d’Openthaltsgeneemegung fir Talenter rezent erliichtert hätt. An Asyldemandeuren elo schonn no 4 Méint schaffen dierften. D’Aarbecht wär wichteg fir d’Integratioun, d’Recht op Aarbecht e Grondrecht. Do ass de Léon Gloden formell. Ween e Problem hätt oder e Kolleeg mat engem Problem hätt, sollt een net zécken, d’Regierung ze kontaktéieren. Si wier oppen an e Partner vun den Immigranten, de Gemengen an de Syndikater. Den Dialog wär wichteg. “Let’s make it happen”, esou den Opruff vum CSV-Politiker.
Problemer gesinn d’Gewerkschaftsvertrieder vun den Immigranten der genuch. Ugefaange bei den héije Logementspräisser. Als “Kosmetik” bezeechent den zoustännegen OGBL-Zentralsekretär José Luis Correia d’Mesuren, déi d’Regierung bis ewell ëmgesat huet.
“Wat mir wëllen, ass, datt de Gouvernement d’Spekulante stoppt. Well déi bréngen eis näischt. Si sinn net gutt fir d’Land, net gutt fir d’Leit. Mir gesinn, datt vill gebaut gëtt, mee net dat wat mer brauchen.”
Also Sozialwunnengen. Aner Suerg: d’Aarmut. Et kéint net sinn, datt am räichste Land vun der Welt, bal 20% vun de Salariéen aarm wieren. Virop Awanderer wäre betraff. Wa mer eis Pensioune wéilte bezuelt kréien, wäre mer awer op si ugewisen. An à propos Pensiounen: Déi géifen neierdéngs duebel besteiert, wann d’Leit an d’Ausland plënneren.
Dat wär net just mat Portugal, mee uechter Europa de Fall. Dee Problem wëll den OGBL deemnächst un d’CSV-DP Regierung erundroen. Do misst een dem Inneminister Gloden no jo en oppent Ouer fannen.