Mat Mercedes huet déi drëtt Top-Ecurie hiren Auto fir 2025 virgestallt. Et ass de Start an eng Ära nom Lewis Hamilton.
Et war ee Schock fir déi ganz Formel-1-Welt. Wou bekannt gouf, datt de siwefache Weltmeeschter Lewis Hamilton Mercedes no 12 Joer a Richtung Ferrari verloosse géif, konnte vill Leit dat net sou richteg gleewen. Den éischten Auto no dëser Ära Hamilton gouf elo vun der Ecurie mam Stär op hire Social-media-Konnte gewisen.
Nei an der Ecurie ass de réischt 18 Joer alen Andrea Kimi Antonelli, deen d’lescht Saison an der Formel 2 ënnerwee war an nach ee richtege Rookie ass. Hie gëllt als extrem talentéiert a souz och schonn 2024 a fräien Traininge fir Mercedes am Cockpit. Einfach wäert et awer sécher net ginn, de Lewis Hamilton ze ersetzen, dee ganzer 6 WM-Titele mat Mercedes gewanne konnt an net fir näischt Jorelaang d’Nummer 1 an der Ecurie war.
Déi nei Nummer 1 ass elo awer de George Russell, dee schonn a seng véierte Saison bei der däitscher Ecurie geet. De brittesche Pilot, deen d’lescht Joer op déi sechste Plaz an der Weltmeeschterschaft koum, wëll sech weider steigeren. Fir hie war d’Saison 2024 seng bis elo Bescht an déi Leeschtunge solle confirméiert ginn.
Fir Mercedes hätt d’Saison 2024 sécherlech besser kéinte lafen. Trotzdeem war een zefridde mat de véier Victoiren an néng Podiumsplazen. 468 Punkten an eng véierte Plaz bei de Konstrukteure sollten um Enn dobäi rauskommen.
Verbesserungspotential gëtt et awer allemol an dat weess och den Teamchef Toto Wolff. Senger Meenung no hunn d’Ekippen an de Fabricken zu Brackley a Brixworth iwwert de Wanter extrem haart geschafft, mee sou richteg géif ee réischt wëssen, wou ee steet, wann d’rout Luuchten zu Melbourne an Australien am Mäerz ausginn.
Beim neie W16 gouf dem techneschen Direkter James Allison no a Beräicher nogebessert, déi een d’lescht Saison opgehalen hunn. Virun allem d‘Steierverhalen an enke Kéieren – dat beim W15 vun 2024 net gutt war – gouf ënnert d’Lupp geholl. Och d‘Temperatur vun de Pneue besser an de Grëff ze kréien, stoung op der Agenda. Wat de sougenannten “High Performance Powertrain”, also de Motor vum W16, ugeet, stoung virun allem d’Optiméierung vun der Zouverlässegkeet am Vierdergrond.
Den Design vum neien Auto ass zimmlech klassesch gehalen. D‘Mëschung aus Schwaarz a Sëlwer erënnert dobäi un Autoe vun de leschte Joren an awer och un d’Zäit, wou d’Bolide vun der Ecurie mam Stär nach “Silberpfeile” genannt goufen.