E Protokoll kréien ass eng Saach – en och ze bezuele schéngt awer eng aner Affär ze sinn.

Duerch net bezuelte Protokoller goungen dem Staat iwwer déi lescht fënnef Joer 26,5 Milliounen Euro verluer. Alles an allem goufe vun de knapp 4 Milliounen eenzele Protokoller, déi Police oder Pecherte geschriwwen hunn, der 702.000 net iwwerwisen.

De Protokoll einfach ignoréieren huet dann natierlech och Konsequenzen, wëll a 76.000 Fäll an de leschte fënnef Joer gouf den Dossier un de Parquet weidergeleet.

Vun den dräi Policegeriichter goufen doropshin eng 32.000 Ordonnancen an Héicht vu 7,4 Millioune geschwat – deemno Protokoller, déi um Enn bedeitend méi deier ausgefall sinn. Parallel goufen awer och 21.600 Affäre klasséiert.

Dës Chiffere liwwert den Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo.