Fir d’Sënne vun de Fuesgecken an de Wanter ze verbrennen, gëtt wei all Joers um Äschermëttwoch zu Réimech de Stréimännchen ugefaangen.
Dem Stréimännchen 2025 seng lescht Stonne si gezielt: Wei all Joers gëtt nämlech eng Popp aus Stréi zu Réimech op Äschermëttwoch verbrannt, fir der Fuessaison an dem Wanter Äddi ze soen. Des Traditioun gëtt et schonn zanter 1821, ma dëst Joer ass allerdéngs eng méi aussergewéinlech Editioun.
Am Kader vun de Feierlechkeete vum 150. Anniversaire vun der Réimecher Musek ass den Depart vum traditionelle Cortège dëst Joer nämlech net wéi soss beim Café Fuesend zu Réimech, deen am Laf vum leschte Joer zougemaach huet, mee an der Kellerei Kox, déi ee méi festleche Kader soll erméiglechen.
Net nëmmen den Depart vum Cortège huet geännert, mee och d’Museker déi matspillen, sinn zu méi wéi an de Jore virdrun. Wéinst dem Anniversaire vun der Musek goufen nämlech déi fréier Musikanten invitéiert, fir dëst Joer beim Cortège nees dobäi ze sinn a matzespillen. Dës Iddi huet direkt groussen Zoulaf fonnt.
“Am Kader vun eisem 150. Anniversaire hu mer eis geduecht, mir wëllen eppes Extraes maachen. An do koum d’Iddi, mir géifen d’Anciene mathuelen, déi schonn éiweg an der Musek waren an déi laang net méi gespillt hunn. Den Opruff hat direkt ee grousse Succès an d’Leit si frou, fir kënnen dobäi ze sinn”, erkläert d’Monique Weinzen, Presidentin vun der Réimecher Musek.
Schonn dëse Méinden hu sech e puer Réimecher Awunner zesummefonnt, fir de Stréimännche vun dësem Joer opzeriichten. Un engem Holzgerüst ginn heifir Kleeder ugebitzt, déi da mat genuch Stréi gefëllt gi fir dass de Männche laang brenne kann. Vill vun hinne si scho méi laang dobäi, wéi zum Beispill de Camille Schengen:
“Dat hei ass mäi 40. Stréimännchen, deen ech zesummebauen. Et si puer flotter Deeg, et ameséiert ee sech gutt derbäi a mir maachen et gär.”
Et gi sech nees vill Leit zu Réimech e Mëttwoch den Owend erwaart, fir de Stréimännchen unzefänken an an d’Musel ze geheien. Eng Traditioun, déi nach ëmmer jonk an al zesummebréngt.