Bei de Landtagswalen a Brandenburg kritt d’SPD wuel déi meeschte Stëmmen.

D’Partei vum Ministerpresident Dietmar Woidke, déi zanter 1990 an der Regierungsverantwortung ass, huet sech knapp géint d’AfD duerchgesat Dat soen éischt Héichrechnungen.

D’Sozialdemokrate kommen op 31 Prozent, d’AfD op 29,5 Prozent. Fir d’CDU sinn et der Prognos no 12 Prozent. Et ass dat schlechtst Resultat fir d’Partei zu Brandenburg zanter hirer Grënnung. Bündnis 90/ Die Grünen lande bei ënner 5 Prozent a falen als méigleche Koalitiounspartner ewech.

Aus dem Stand kënnt d’Bündnis Sahra Wagenknecht (BSW) éischten Héichrechnungen no op 13 Prozent, wärend d’Linke et mat 3 Prozent net an de Landtag packt. Och d’FDP packt et net iwwer 5 Prozent.

Bis ewell hunn d’SPD, CDU a Grüne zesummen a Brandenburg regéiert. Fir eng Koalitioun aus SPD an CDU kéint et knapp ginn, esou datt eng Koalitioun mam BSW kéint néideg ginn. All relevant Parteien hunn ausgeschloss, mat der AfD ze koaléieren, där hire Landesverband a Brandenburg vum Verfassungsschutz als Verdachtsfall agestuuft gëtt.