Den Elon Musk, den Donald Trump Jr. an aner prominent Konservativer deelen e Video, deen angeeblech weist, an deem “E! News” mellt, dass d’humanitär Agence vun den USA Milliounen Dollar u Prominenter wéi d’Angelina Jolie oder de Ben Stiller bezuelt hätt, fir d’Ukrain ze besichen an d’Popularitéit vum President Selenskyj am Krich géint Russland an d’Luucht ze drécken.
De Clip wär awer net authentesch, sot e Spriecher vum Entertainment-Sender géintiwwer der AFP, an de Stiller huet d’Uschëllegungen ëffentlech als falsch zeréckgewisen.
“Wosst Dir, dass USAID Är Steiersuen ausgëtt, fir Reese vu Prominenten an d’Ukrain ze finanzéieren, just fir dem Selenskyj seng Popularitéit bei den Amerikaner ze steigeren?”, heescht et an engem Bäitrag vum 5. Februar 2025 op der Plattform X vum Notzer “I Meme Therefore I Am”, engem beléifte konservative Kont, dee scho fréier Feelinformatioune verbreet huet, och iwwer den ukrainesche President.
De Milliardär Musk, dee vum amerikanesche President Donald Trump mat dem Neiopbau vun der federaler Regierung beoptraagt gouf, hat de Clip op der Plattform, déi him gehéiert, fir seng 216 Millioune Follower gedeelt.
Den Trump Jr, den eelste Bouf vum President, an de Sidney Powell, e fréieren Affekot vum Trump Sr., dee beim Trump senge Beméiungen, d’Resultater vun de Walen 2020 unzefechten, eng wichteg Roll gespillt hat, hunn de Video och gedeelt an doduerch verstäerkt.
De Clip vu 36 Sekonnen ass a Form vun engem Reportage vun “E! News” nogestallt, woubäi de Logo vum Entertainement-Sender déi ganz Zäit ze gesinn ass. Dora gëtt behaapt, d’US-Agence fir international Entwécklung (USAID) hätt “Visitte vun amerikanesche Prominenten an der Ukrain nom Ufank vun der russescher Invasioun gesponsert”, fir “dem Selenskyj seng Popularitéit beim auslännesche Public, besonnesch an de Vereenegte Staaten, ze steigeren”.
Konkreet gëtt behaapt, dass d’Agence 20 Milliounen Dollar un d’Angelina Jolie, 5 Milliounen un de Sean Penn, 8 Milliounen un den Orlando Bloom, 4 Milliounen un de Ben Stiller an 1,5 Milliounen un de Jean-Claude van Damme – deem säin Numm falsch geschriwwe gouf – bezuelt hätt.
D’Bäiträg, an deenen de Clip gedeelt gouf, hu Milliounen Notzer op X an op anere Plattformenerreecht. Se hate sech verbreet, wéi de Musk d’Entscheedung vun der neier Regierung annoncéiert hat, d’USAID zouzemaachen. D’USAID ass eng riseg Agence, déi zënter Joerzéngte Gesondheets- an Noutfallprogrammer souwéi Initiative fir d’Fërdere vun der Demokratie an 120 Länner, dorënner och an den äermste Regioune vun der Welt, finanzéiert huet.
D’Internetsäit vun der Agence war virdru vum Netz geholl an hir Mataarbechter virun d’Dier gesat ginn, wat Bedenken un der Legitimitéit vum Musk sengem Virgoen ervirgeruff huet. Ausserdeem gouf op d’Auswierkungen op d’Mënschen an der ganzer Welt, déi vun de mat USAID verbonnene Programmer profitéieren, higewisen. Russland huet d’Attack op d’Agence, déi et zënter Laangem gëtt, begréisst.
De Video an d’Geschicht dodra “sinn awer net authentesch a stamen net vun E! News”, sou e Spriecher vum Sender an enger E-Mail vum 5. Februar un d’AFP.
Obwuel all am Clip genannte Schauspiller an der Ukrain war, gëtt et keng Beweiser dofir, dass d’USAID hinne Suen zoukomme gelooss huet.
“Ligen aus russesche Medien”
D’Angelina Jolie, eng wichteg Spenderin fir humanitär Zwecker weltwäit, hat d’Ukrain am Joer 2022besicht (archivéiert hei an hei). Si war deemools an hirer Funktioun als UN-Spezial-Ambassadeur fir d’UN-Flüchtlingswierk do, war awer net aus perséinleche Grënn an der Ukrain, wéi en UN-Spriecher wësse gelooss huet (archivéiert hei an hei).
De Penn war 2022 an d’Land gereest, wéi hien en Documentaire iwwer de Krich an de Selenskyj gedréint huet (archivéiert hei an hei). De Stiller hat den ukrainesche Staatschef am selwechte Joer getraff, wéi hien als Ambassadeur fir d’Flüchtlingswierk vun de Vereenten Natiounen d’Land besicht huet, an de Bloom war 2023 a senger Funktioun als UNICEF-Ambassadeur beim Selenskyj (archivéiert hei, hei, hei, hei an hei). De van Damme war 2022 am Land, “fir e Message fir Hoffnung a Fridden ze iwwerbréngen”, wéi hien op sengem YouTube-Kanal schreift (archivéiert hei an hei).
De Stiller huet de 5. Februar op X op de virale Video reagéiert an erkläert, dass hie fir seng Visitt an der Ukrain am Joer 2022 bezuelt hätt, woubäi keng Sue vun der USAID gefloss wären a “sécherlech keng perséinlech Virementen” (archivéiert hei an hei).
“Dat si Ligen, déi vu russesche Medie stamen”, huet de Stiller am éischte vun zwee Bäiträg geschriwwen. “Ech hu meng humanitär Reesen an d’Ukrain komplett selwer finanzéiert. Et gouf keng Finanzéierung duerch d’USAID a scho guer keng Iwwerweisungen an iergendenger Form. 100 Prozent falsch.”
D’UN-Flüchtlingsnetzwierk huet an engem Communiqué vum 6. Februar matgedeelt, dass de Stiller “fir seng Aarbecht mam UNHCR net remuneréiert gëtt a seng Reese selwer finanzéiert” (archivéiert hei).
An den UN-Richtlinnen, fir zum Friddens- oder Spezial-Ambassadeur ernannt ze ginn, heescht et: “Friddens- a Spezial-Ambassadeure kréie keng Pai, obwuel hinnen eng symbolesch Remuneratioun vun 1 Dollar pro Joer oder engem gläichwäertege Betrag ugerechent ka ginn” (archivéiert hei an hei).
D’AFP huet op usaspending.gov, enger offizieller, oppener Datequell, déi Informatiounen iwwer federal Ausgaben zesummestellt, keng Beleeg fir Iwwerweisunge vun der USAID un ee vun de genannte Prominente fonnt.
Den Darren Linvill, Co-Direkter vum Media Forensics Hub op der Clemson University, sot de 5. Februar op X, dass am supposéierten E! News-Reportage “alles dorop hindeit, dass et sech ëm e vu Russland gefälschte Video handelt, dee mat bekannte Methode verbreet gouf” (archivéiert hei an hei).
De Linvill sot weider, dass eng Abberzuel vun den éischte Konten, déi de Clip op X gedeelt haten, schonn dacks Desinformatioune verbreet hunn, déi vun enger russescher Propagandagrupp stamen, déi vu Fuerscher als “Storm-1516” bezeechent gëtt.
De Video hat sech och op russeschen Telegram-Kaneel verbreet an op der staatlecher russescher Mediesäit Pravda, wéi d’AFP erausfonnt huet.
Aner gefälscht Videoen, déi de Logo vum britteschen Noriichtesender “BBC News” gewisen hunn, hate sech scho wärend dem russeschen Aggressiounskrich géint d’Ukrain verbreet.
Den Andriy Yermak, Chef vum ukrainesche Presidentebüro, huet op X gepost, den neiste Clip iwwer d’Bezuele vu Prominenten duerch d’USAID wär “komplette Blödsinn” (archivéiert hei).
D’AFP huet Vertrieder vun der Jolie, dem Penn, Bloom a van Damme adresséiert, krut awer keng Äntwerten.
D’AFP huet nach aner Feelinformatiounen iwwer d’russesch Invasioun an der Ukrain opgedeckt.
Dëse Faktencheck gouf vun RTL op Lëtzebuergesch iwwersat.