D’Waasserverwaltung huet e Sonndeg fir all d’Gewässer, ausser der Musel Entwarnung ginn. D’Wiedersituatioun deit op kee potentiellt Héichwaasser méi hin.

Op der Musel dogéint bleift een nach um Niveau vun der Vigilance. Allerdéngs sinn och hei d’Peegelen zanter e Samschdeg den Owend respektiv an der Nuecht iwwerall amgaang zeréckzegoen. Zu Stadbriedemes huet d’Musel e Sonndeg de Moie géint 5 Auer mat 5.32 Meter hire virleefegen Héichpunkt erreecht.

Déi héich Waasserstänn vun der Saar géingen awer nach fir zousätzleche Réckstau op der Musel suergen, wouduerch och d’Peegelen zu Waasserbëlleg vun der Musel an der Sauer kënne méi héich optrieden wéi erwaart. Den Afloss vun der Saar op d’Musel wier der Waasserverwaltung no awer schwéier ze berechnen, wouduerch weiderhi mat Iwwerschwemmunge misst gerechent ginn.

Vue datt et awer och um Sonndeg nach zu liichtem Reen ka kommen, huet MeteoLux de ganze südlechen Deel vum Land an d’Vigilance Jaune gesat. Vun e Sonndeg de Moie 7 Auer u bis Owes 23.59 Auer gëllt deemno eng geréng méiglech Gefor, datt et zu Iwwerschwemmunge kéint kommen.