Retarde bei verschiddene Flich
AFP iwwersat vun RTL|Update: 26.12.2024 07:51
Wéi d’JAL matgedeelt huet, gouf een Affer vun enger Cyberattack. Dowéinst hu sech verschidde Flich verspéit an d’Vente vun Tickete war ënnerbrach.
“Mir kënne confirméieren, datt mer Affer vun enger Cyberattack goufen an datt mer eis der Situatioun stellen”, huet e Spriecher vun der zweetgréisster japanesche Fluchgesellschaft JAL géintiwwer AFP confirméiert. De Problem gëtt et engem Post op X no zanter ëm Donneschdeg de Moien um 7.24 Auer japanescher Zäit. D’Attack huet Repercussiounen op déi national wéi och déi international Flich.
D’Entreprise huet awer scho matgedeelt, datt d’Ursaach vun der Pann “fonnt a behandelt” gouf. Aktuell wier een nach um kucken, wat fir eng Auswierkungen d’Attack op de System huet.
D’Attack hat wéi gesot d’Vente vun den Tickete viséiert, ma och d’Enregistrement vum Gepäck war betraff an dat op verschiddene japanesche Fluchhäfen, esou d’Tëleeschaîne NHK. Dat huet zu Retarde vun ronn enger Dose Flich gefouert.