Déi franséisch Sécherheetsdéngschter hunn eng riseg Operatioun op d’Bee gestallt, fir all méiglech Tëschefäll bei der Ouverture ze evitéieren.
45.000 Poliziste a Gendaarmen zesumme mat 10.000 Zaldoten an 20.000 Mataarbechter vu private Sécherheetsfirme si fir d’Erëffnungszeremonie am Asaz. Si schützen net just de Stadion, mä och d’Parad op der Seine. Et ass iwwregens déi éischte Kéier bei de Summerspiller, datt eng Zeremonie ausserhalb vum Stadion ufänkt.
D’Sécherheetsleit si fir en Areal vu ronn sechs Kilometer zoustänneg, fir eng 300.000 Leit, déi en Ticket fir d’Zeremonie op den ënnerschiddlechste Plaze kaf hunn, a fir honnertdausenden aner Persounen, Awunner an Touristen, déi d’Zeremonie aus de Gebaier ronderëm wäerte poursuivéieren.
Ronderëm Paräis gouf eng “No-Fly-Zone” vun 150 Kilometer ageriicht an déi gëtt scho Stonne virun der Zeremonie, déi um 19.30 Auer ufänkt, a Kraaft gesat. D’Fliger musse wärend där Zäit um Buedem bleiwen oder si ginn op aner Plazen ëmgeleet.
“Dës Ouvertureszeremonie ass dat Extraordinäerst, wat e Land maache kann“, sot de franséischen Inneminister Gerald Darmanin géintiwwer BFMTV. An dat zu enger Zäit, wou eis Noperen déi héchsten Alerte fir Terrorattacken ausgeruff hunn.
“Eng 100 prozenteg Sécherheet gëtt et net“, esou de fréiere Chef vun der franséischer Police Frederic Pechenard géintiwwer AFP. “Wat e Site méi grouss a méi komplex ass, wat d’Risike méi grouss sinn“.
Dat weist och déi grouss Unzuel u speziellem Equipement a Personal. Well si mussen op e grousst Open-Air-Areal mat séier fléissendem Waasser ëmgi vun honnerte vu Gebaier oppassen.
Sniper vun der Police sinn op all héijem Gebai oder héijem Punkt laanscht dës Route positionéiert. Och wann et wäit vu Frankräich ewech war, mä d’Attentat op den Donald Trump an esou eppes verhënneren ze wëllen, ass hei eng weider Motivatioun fir dës Spezialunitéit.
Um Waasser sinn da Booter vu Police a Marinn am Asaz, ma och Taucher wäerte fir Sécherheet an an op der Seine suergen. All d’Booter, déi bei der Parad matmaachen, ginn am Virfeld komplett duerchsicht an et kommen Hënn, déi op Sprengstoff spezialiséiert sinn, an den Asaz. All anere Schëffsverkéier op der Seine ass fir deen Ament gestoppt an um Floss goufen extra Barrièren opgeriicht, datt et zu engem Tëschefall sollt kommen.
Ufanks sinn d’Pläng vun enger Zeremonie op der Seine mat bis zu enger Millioun Spectateuren bei de fir d’Sécherheet zoustännege Leit guer net gutt ukomm. Dofir huet een hei och däitlech zeréckgeschrauft. Den Alain Bauer, senges Zeechen en renomméierte franséische Kriminolog, hat dës Pläng an engem Interview am Joer 2022 als “Criminal Madness” bezeechent.
Zanter leschter Woch huet sech den Zentrum vu Paräis zu engem reegelrechte Fort verwandelt, mat ënner anerem metallene Barrièren ronderëm d’Seine. Just Awunner a Leit, déi en Hotel gebucht hunn, sinn nach an dëst Areal erakomm.
Déi franséisch Arméi ass mat enger “Anti-Dron-Operatioun” beoptraagt a setzt do ganz modern elektronesch Technologie an. “Drone sinn hautdesdaags e ganz reelle Risiko an dowéinst hu Mesurë misste geholl ginn“, seet de fréiere Chef vum franséische Spezialkommando RAID Jean-Michel Fauvergue.
Déi Dronen awer, déi vun de Sécherheetsekippe an den Asaz kommen, sinn e wichtege Bestanddeel vun de Sécherheetsmesuren. Zesumme mat Kameraen, déi op KI-Technologie baséieren, déi eng éischte Kéier a Frankräich an den Asaz kommen, suerge si dofir, datt d’Ekippen d’Situatioun um Terrain nach besser am Bléck kënnen hunn.
Frankräich ass, wat terroristesch Attacken ugeet, keen ongeschriwwent Blat, eleng nëmmen, wann een un d’Attack op der Bataclan denkt. Den Emmanuel Macron selwer hat em Mäerz nach matgedeelt, datt et ëmmer nees Menacë vum Islamesche Staat géintiwwer vu Frankräich gëtt. An deem Kader goufen och scho véier Persoune festgeholl. Déi international Situatioun, mam Krich an der Ukrain an dem Konflikt an der Gaza-Regioun, suergen dann nach supplementär fir Tensiounen.
Israel hat Frankräich net méi spéit wéi en Donneschdeg nach viru potentielle Gefore gewarnt. Haaptsächlech vun enger Grupp, déi vum Iran ënnerstëtzt gëtt, an israeelesch Athleten an Touristen zu Paräis kéint an d’Viséier huelen. “Et gi Leit, déi wëllen dës Festivitéite schiedegen“, hat den israeeleschen Ausseminister Israel Katz sengem franséischen Homolog an engem Bréif matgedeelt.