Um leschten Dag vun der Cyclocross-Weltmeeschterschaft sinn dräi Lëtzebuerger um Depart. Den Optakt hunn d’Juniore gemaach.

E Sonndeg de Moien ass op der Cyclocross-WM zu Liévin a Frankräich d’Course vun de Juniore gefuer ginn. Fir d’Lëtzebuerger Jonah Flammang-Lies a Lennox Papi war d’Course schonn no 100 Meter gelaf. Béid Lëtzebuerger waren an eng Chute verwéckelt a sinn op de Buedem gaangen.

De Lennox Papi konnt duerno wéinst engem gebrachene Kader d’Course net méi weiderfueren. De Jonah Flammang-Lies huet duerch d’Chute vill Zäit verluer, sou datt de Lëtzebuerger Champion zwee Tier viru Schluss aus der Course geholl ginn ass.

Den Italiener Mattia Agostinacchio huet sech um Enn op engem ganz schwéieren a rutschege Circuit de Weltmeeschtertitel bei de Juniore geséchert. Hien hat eng Avance vun 12 Sekonnen op de Fransous Soren Bruyère Joumard an 30 Sekonnen op säi Landsmann Filippo Grigolino.

1 AGOSTINACCHIO Mattia 45:47
2 BRUYÈRE JOUMARD Soren 0:12
3 GRIGOLINI Filippo 0:30
4 NOVAL SUAREZ Benjamin 0:31
5 VANDEN EYNDE Mats 0:39
6 AMEY Oscar 0:52
7 LE PANN Soen 1:08
8 MOURIS Michiel ”
9 FERY Florian 1:10
10 WILLS Milo 1:16