Intern Konflikter, Mobbingvirwërf a Finanzskandaler, wéi d’Affär ëm Malt hunn de Ruff vun der Partei mat der mofer Faarf geschwächt.
D’Geschicht vun der Piratepartei zu Lëtzebuerg war wärend Jore vum Erfolleg gepräägt. Eng Erfollegsgeschicht, déi dëst Joer abrupt ofgebremst gouf. Mat Finanzaffären an ëffentleche Streidereien hunn d’Piraten u Credibilitéit verluer, wichteg Member vergrault an hiren Image verschlechtert. D’Fanny Kinsch an d’Lynn Cruchten mam Réckbléck op en turbulent Joer fir d’Oppositiounspartei.
2009 gegrënnt, gelénkt et de Piraten 2018 scho beim zweeten Ulaf, mat zwee Deputéierten an d’Chamber ze kommen. Besonnesch de Grënnungsmember an Zentrumsdeputéierte Sven Clement ka sech an der Oppositioun profiléieren: an de Sondagen zielt hien zu der Top 10 vun de beléiftste Politiker.
Bei de Gemengewalen 2023 ginn 19 Piraten a Gemengeréit gewielt a bei de Chamberwalen 2023 kritt d’Partei ee Sëtz bäi. An de leschte Méint ass d’Zuel vu Mandatairen awer drastesch zréckgaangen…
Am Juni gesäit d’Partei, déi sech no bausse fir Transparenz asetzt, mat Reprochë vu grousser Intransparenz konfrontéiert. Hannergrond ass Malt, eng Sproochenapp fir Flüchtlingen, déi d’Partei fir den ONA entwéckelt huet, nodeems 2015 vill syresch Flüchtlingen an Europa kommen. Den nationalen Büro d’Accueil verlaangt Zéngdausenden Euro vun der Partei zréck, wéi d’Luxembourg Times reveléiert. D’Pirateschëff kënnt un d’Wackelen. Am Juli trëtt den neien Norddeputéierte Ben Polidori aus an dat eegenen Aussoen no net just wéinst Malt.
“Ech sinn an dës Partei komm, wéinst haaptsächlech de Wäerter, wou d’Partei huet, och haaptsächlech wéinst dem Här Clement. Wou ech an d’Partei komm sinn, deen awer verschidde Wäerter vertrëtt no baussen, a wou ech elo wierklech dra war an och wierklech mat der ganzer Zäit dra geschafft hunn, hunn ech mech do net méi mat där selwechter Constellatioun erëmfonnt, wéi ech mer dat wierklech erhoffen. An ech konnt meng Wäerter an deem Sënn net méi esou duerchsetzen, wéi ech mer dat vläicht vu vireran erwënscht hätt.” esou de Ben Polidori de 15.Juli 2024
Transparenz an Éierlechkeet hätten him gefeelt, seet de Ben Polidori, dee sech der LSAP ugeschloss huet. De Marc Goergen deelt e puer Deeg méi spéit op dëser Antenn géint de Sven Clement aus – och aner Parteimember kéinten net mat him.
“Mee se éischter seet, dass se se wéilte mat mir weiderschaffen an dass eis Parteispriecherin eigentlech scho länger am Krankeschäin ass, well se mam Sven net méi eens ginn ass an och do vill Virfäll waren, wou een och elo ze laang nogekuckt huet” esou de Marc Goergen de 17.Juli 2024
De Sven Clement rifft kuerzfristeg eng Pressekonferenz an, fir sech géint d’Reprochen ze wieren. De Marc Goergen hätt anerer gemobbt an hätt d’Kreditkaart vun der Partei labber setzen.
“29.997,19 Euro, déi ech net kloer Fraktiounsausgabe kann zouuerdnen. Dorënner falen 88 Mol Weekends an de Restauranten gaangen an 19 Méint. Dat ass an der Moyen eemol d’Woch. Eelef Mol bei de Coiffer. Ech wollt proposéieren, eng Tondeuse am Fressnapf ze kafen. Dat wär méi bëlleg ginn.” – esou de Sven Clement den 19. Juli 2024.
Wann d’Affär Malt se nach net ofgeschreckt hat, dréit déi ëffentlech Schlammschluecht sécher net dozou bäi, datt verschidde Mandataire sech nach wuelfillen. Iwwert de Summer demissionéieren eng Partie Lokalpolitiker a wiesselen d’Partei.
“Mäin Häerzensblutt, wat un d’Minoritéite geet, wou ech mech asetzen. Am ganze Summer ass dat ze kuerz komm an do hunn ech gesot: Stopp!” esou d’Marie-Marthe Müller den 30. September 2024
“Ech hu mech selwer entkapselt vum Südkommitee, duerch déi dote Grënn, well se bewosst Fraleit attackéieren,” ass d’Erklärung vum Patrick Steffen den 11. September 2024
“Wou ech gewielt gi sinn, an de Gemengerot, war den Här Goergen net frou driwwer, dass ech eragewielt gi sinn” gëtt d’Tammy Broers 11. September 2024 ze verstoen.
Parallel ginn Detailer iwwert eng dach speziell Finanzgestioun bei de Pirate bekannt. Member solle Prête bei der Partei gemaach hunn, en Auto geléint hunn. De Parteicoordinateur Marc Goergen hat selwer Scholde vun 33.000 Euro beim parlamentaresche Grupp. Am November ginn et Perquisitioune bei der Partei wéinst Malt. Nodeems d’Piraten bei der Sonndesfro am Oktober schonn all hir Sëtz verluer haten, verléiert de Sven Clement am Politmonitor am Dezember och seng Plaz an der Top Ten.D’Manon Breden vun TNS Ilres erkläert dëst den 10. Dezember 2024 esou:
“De Sven Clement war jo länger do vertrueden, verléiert minus 23 Punkten. Marc Goergen, dee verléiert och 15 Punkten. Dat heescht, dat sinn am Fong déi gréisste Verléierer dës Kéier.“
E puer Deeg méi spéit hunn d’Piraten e Kongress. Nei Statutte ginn ugeholl, d’Parteispëtzt méi breet opgestallt. De Marc Goergen ass net méi Coordinateur vun der Partei. Bleift ofzewaarden, ob déi nei Kapitäne bei de Piraten d’Schëff 2025 nees a méi roueg Gewässer dirigéiert kréien.
Déi zwee nach iwwereg Piraten-Deputéiert Sven Clement a Marc Goergen wëllen och professionell an der Chamber weider zesummeschaffen.