D’Aide-soignanten, egal ob a Spideeler, an Alters- a Fleegeheemer oder am Secteur vun de Soinen doheem, sinn zoustänneg fir d’Basis-Fleeg vun de Leit.
Dat bezitt sech op d’Ënnerstëtzung bei alldeeglechen Aktivitéiten, wéi dem Iessen, Wäschen, Beweegen an allgemeng dem Wuelbefannen. D’Aide-soignanten kucken och reegelméisseg nom Gesondheetszoustand vun de Leit a gëllen als wichteg Bezuchspersounen.
2023 louch d’Zuel vun Aide-soignanten zu Lëtzebuerg bei 4.344. Bannent 5 Joer ass dat zwar e Plus vu 612 Leit, ma den Undeel un Aide-soignanten, déi och am Grand-Duché wunnen, huet ofgeholl. Grad esou wéi d’Zuel u Schülerinnen a Schüler, déi hei am Land hir Aide-soignants-Ausbildung ofgeschloss hunn. 135 waren et der nach am Schouljoer 2018/19, zënterhier ass een un déi Zuel net méi erukomm. Zejoert sinn der grad mol 112 fäerdeg ginn, dorënner och erwuesse Quereinsteiger.
Et geet een dovun aus, datt iwwert déi nächst 5 Joer am Fleegesecteur iwwer 4.000 Infirmièren an Aide-soignante feele wäerten. Fir géint dës Penurie unzegoen, hat d’COPAS, den Daachverband vun de Prestatairen am Fleegesecteur, d’Iddi vum Diplomtechniker opgeworf. Also engem Tëscheberuff, tëscht dem Aide-soignant an dem Infirmier, well et tëscht deenen zwee aktuell e grousse professionellen Ecart gëtt. D’Reaktioun vun de Gewerkschaften: “Nee” zum Schafe vun neie Gesondheetsberuffer. An och d’Associastioun vun den Aide-soignanten ass dogéint.
Vill méi sollt fir déi aktuell Aide-soignanten eng Passerelle geschaaft ginn, wou se d’Méiglechkeet kréichen, sech weiderzebilden. Ausserdeem sollt ee schonn am Cycle 4 an der Grondschoul ufänken, fir de Beruff vum Aide-soignant ze sensibiliséieren, sou nach d’Fuerderung vun der ALAS.