Uespelter Schlass
Monique Kater|Update: 15.11.2024 19:30
Eng Schlass-Renovéierung fir 16 Milliounen Euro am Intressi vum Patrimoine, mee och vun den Awunner aus der Gemeng.
De 6.Dezember gëtt déi renovéiert Scheier vum Uespelter Schlass ageweit, wat eleng d’Zesummenaarbecht mat der Gemeng ugeet, ee vun den intressantste Projeten hei am Land.
Hei gëtt net gepiddelt oder gefuscht, well hei hu Buergermeeschter, Expert fir Patrimoine an Architektin, genee Virstellunge vum Resultat. Visioune fir hiert Schlass hate virun him schonn 3 aner Buergermeeschteren an elo gi se Realitéit:
Am Mëttelpunkt: E Sall mat enger Bün fir eng 100 Leit, matzen an der aler Scheier.
Eleng schonn d’Gebailechkeete stabiliséiere war net einfach. Dat hei wier de Modell fir eng douce Renovéierung vun engem wäertvolle Stéck Lëtzebuerger Patrimoine.
Rendez-vous de 6. a 7. Dezember.