No enger Cyberattack am Fréijoer goufen d’Internetsitten vum Staat och um Mëttwoch, den 23. Oktober, duerch eng sougenannt DDoS-Attack viséiert.

Dat confirméiert déi zoustänneg Digitaliséierungs-Ministesch Stéphanie Obertin op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen.
Deemno waren Internetsitte viséiert, déi vum CTIE, dem Lëtzebuerger Zenter fir Informatiounstechnologië vum Staat, hebergéiert ginn, wéi ënnert anerem och de Site vum 112.
 
Kuerz viru Mëtteg waren d’Sitte wéinst der Attack deen Dag net méi erreechbar, sou d’Ministesch, déi och seet, datt de CTIE ëmmer nees nei Versich vun Attacken op seng Systemer registréiert – et wier eng Zort Kaz a Maus Spill. Iwwert d’Defense-Mesurë vum Staat liwwert de CTIE natierlech aus Sécherheetsgrënn keng Informatiounen.
 
DDoS-Attacke probéieren, d’Reseaue mat enger Abberzuel vun Demanden sou ze bombardéieren, datt se net méi funktionell sinn. Sou Attacke sinn och Deel vun Erpressungsversich oder politesch motivéierten Aktiounen.