2024 ass e Joer mat ville politeschen Turbulenzen, an der Welt an och ganz no bei eis.
Lëtzebuerg kuckt iwwert seng Grenzen a gesäit chaotesch Zoustänn, keng stabil Regierungen an ëmmer méi Drock vum lénken a rietse Rand. An dat an eisen 3 Nopeschlänner, mat virop an Däitschland a Frankräich, wou grouss politesch Ännerungen ustinn, nodeems 2024 d’Faass zerguttst iwwergelaf ass.
De franséische President léist d’Assemblée nationale op an den däitsche Kanzler entléisst säi Finanzminister. Spéitstens do war kloer, wou Frankräich an Däitschland dru sinn, nämlech am politesche Chaos. Macron a Scholz zeien d’Noutbrems.
Den Emmanuel Macron adresséiert sech un d’Vollek: “J’ai décidé de vous redonner le choix de notre avenir parlementaire par le vote.“
De Olaf Scholz erkläert: “Ich sehe mich zu diesem Schritt gezwungen, um Schaden von unserem Land abzuwenden.“
Op der enger Säit d’Konsequenz vun enger klorer Victoire vun de Riets-Populisten an op der aner Säit d’Resultat vun enger Ampel-Koalitioun, déi duerch Sträit a Vertrauensverloscht net méi funktionéiert huet. D’Neiwalen a Frankräich hunn alles anescht wéi Kloerheet geschaaft, keng néideg Majoritéiten, eng nei Regierung, déi, knapps ugefaangen, schonn nees eriwwer ass. An en nächste Premier, deen och op wackelege Féiss steet. Net besser an Däitschland mat enger Schlammschluecht tëscht den Ex Koalitiounspartner an en vue vun Neiwalen den 23. Februar, Wal-Kampf-Rhetorik, déi versprécht.
Den CDU-Chef Friedrich Merz dréint sech am Bundestag Richtung Kanzler:
“Es ist peinlich, wie Sie sich auf europäischer Ebene verhalten. Sie blamieren Deutschland. Es ist zum Fremdschämen, wie Sie sich in der Europäischen Union bewegen.“
Apropos Europäesch Unioun. Déi gréisst an déi zweet-gréisst Ekonomie an der EU si politesch ferm an de Laberenten, dobäi kommen a Frankräich ganz seriéis Budgetsproblemer, d’Land ass extreem verschëlt. An den däitsche Motor leeft och alles anescht wéi ronn mat engem Réckgang vum Wirtschaftswuesstem.
Dat alles gefält och engem Premier Luc Frieden net, deen eben och u Lëtzebuerg denkt, wann en iwwert eis Grenze kuckt.
“Lëtzebuerg ass déi eenzeg stabel Plaz den Ament. Mir hunn eng breet Majoritéit am Parlament, mir hunn eng gutt Diskussioun an der Demokratie an an der Chamber, mä mir hänke vun eisen Noperen of, wirtschaftlech a politesch an dofir kann een nëmmen hoffen datt an deenen dräi Länner ronderëm eis esou séier wéi méiglech stabil Regierunge kommen.“