Op Hellegowend ass an engem Altersheem zu München e Feier ausgebrach. Eng 60 Residenten hu missen a Sécherheet bruecht ginn, 15 gouf blesséiert.
Ausgebrach war de Brand géint 14.30 Auer am Gespär vum Altersheem am Zentrum vu München, gutt 20 Meter an en historesche Klackentuerm hätte gebrannt. Eng 60 Residenten hu missen zesumme mam Personal evakuéiert ginn, 15 Persoune wiere blesséiert ginn, déi meescht hätten Dampvergëftunge gehat.
Iwwer 100 Pompjeeë waren am Asaz, fir de Groussbrand ze läschen, dee wuel an engem Zëmmer vun engem Resident ausgebrach war. Vun do hätt e sech iwwer den Daach ausgebreet, wéi d’Süddeutsche Zeitung mat Recours op d’Pompjeeë matdeelt. Och Stonnen, nodeems d’Feier ausgebrach war, wieren owes nach kleng Flamen an dichten Damp ze gesi gewiescht. Géint 19 Auer hätt een dunn erkenne kënnen, datt ongeféier d’Hallschent vum Gespär an de Koup gefall war.
Déi ronn 60 Residenten hunn iwwerdeem missen d’Nuecht enzwousch anescht verbréngen. Deels koume si an aner Deeler vum Altersheem, bei Familljememberen an an engem Gebai vun der Technescher Uni München ënner.
Wéi et zum Brand koum, ass bis ewell nach net genee gewosst.