Dat no wochelaangen Verhandlungen mat der konservativer ÖVP an de Sozialisten, der SPÖ.
Deemno ass eng Dräierkoalitioun, ewéi déi an Däitschland oder och déi zwou viregt Regierungen zu Lëtzebuerg, an Éisträich elo mol vum Dësch.
Besonnesch schwéier waren d’Koalitiounsverhandlunge bei den därege Sujete Wirtschaft a Steieren. Den ÖVP-Chef Karl Nehammer hat der SPÖ tëschenzäitlech och domat gedreet, d’Verhandlungen ofzebriechen. Elo maachen déi Liberal dat.
D’Partei vun den Neos hunn e Freideg annoncéiert, aus de Gespréicher erauszeklammen. Et hätt een d’Partei-Cheffe vu béiden anere Parteien an och de Bundespresident doriwwer informéiert. Der Parteicheffin Beate Meinl-Reisinger no, géifen d'”Neos d’Verhandlungen zu enger méiglecher Dräierkoalitioun zesumme mat Schwaart-Rout an der Roll vun engem zukünftege Regierungspartner net weiderféieren.” Et hätt ee bei de Verhandlungen, esou d’Erklärung vum Meinl-Reisinger, “keen Duerchbroch” erziilt, grondsätzlech Reformen wieren ëmmer nees ofgeblockt ginn.
Bei den Nationalwalen Enn September war an Éisträich déi éischte Kéier déi rietspopulistesch FPÖ mat knapps 29 Prozent déi stäerkste Kraaft am Parlament ginn. Mat hir an hirem Chef Herbert Kickl wollten awer weder ÖVP (26,3% vun de Stëmmen) nach SPD (21,1% vun de Stëmmen) koaléieren. Ofzewaarden ewéi et elo an Éisträich weidergeet.