Nach ëmmer stieche sech zu Lëtzebuerg Déiere mat der Blo-Zonge-Kränkt un. Ganzer 1.227 Déieren a 456 Betriber konnt d’Krankheet nogewise ginn.

D’Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung ALVA deelt e Mëttwoch mat, datt bannent der leschter Woch 34 weider Déiere positiv op d’Blo-Zonge-Kränkt getest goufen. Ausserdeem wier d’Krankheet a weideren 11 Betriber duerch Labo-Analysen nogewise ginn.

Domat sinn am Grand-Duché am Ganzen 1.227 Déieren, dorënner 1.067 Ranner, 141 Schof, 8 Geessen an 2 Alpakaen, infizéiert.

D’ALVA huet doriwwer eraus am August dëst Joer bei Ranner a Schof eng erhéicht Mortalitéit par rapport zu 2023 constatéiert. Déierebesëtzer, déi eng erhéicht Stierflechkeet an hirem Bestand bemierken, sollen dat der Verwaltung iwwer dëse Formulaire matdeelen.

Am Verglach mat der Woch vum 30. September bis de 6. Oktober ass d’Mortalitéit bei Schof a Ranner an der Woch vum 7. bis 13. Oktober um selwechten Niveau bliwwen.

D’Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung rappeléiert iwwerdeem, datt nach Impfdosisse géint d’Kränkt do sinn. Vun am Ganzen 240.000 goufen der bis ewell knapp 96.500 un d’Veterinäre verdeelt.