Wien um Vëlo aus dem Stad-Zentrum a Richtung Weste fiert, kennt de Problem: an der Avenue Marie-Thérèse feelt beim Park ee Stéck Vëlospist.
Cyclisten a Foussgänger musse sech den Trottoir deelen, bis d’Vëlosspuer eng 60 Meter méi wäit nees ufänkt.
D’Stater DP iwwerleet, fir de Park op deene 60 meter Längt ëm 1.45 Meter ze beschneiden. De Service vun der Zirkulatioun hätt d’Propos ausgeschafft, elo misst awer Mol nach mat deenen aneren zoustännege Servicer gekuckt ginn, ob d’Propos machbar wär, erkläert den DP-Politiker a Mobilitéitsschäffen Patrick Goldschmidt. Conclusioune sollen am Januar virleien.
Entsat waren déi gréng, wéi si e Mëttwoch den Owend an der Mobilitéitskommissioun iwwer d’Initiativ informéiert goufen. De Gemengeconseiller François Benoy hätt gär, datt de Park bleift, wéi en ass an déi provisoresch “Pop-up-Vëlospist”, déi bis viru kuerzem déi riets Autosspuer ersat huet, definitiv gebaut gëtt. Ëmmerhin hätt d’Avenue Marie-Thérèse op där Plaz véier Spueren. “Wann een 20 Meter huet op enger Strooss an engem Stroosseraum, da muss dat duergoen, fir déi richteg Prioritéiten an der Mobilitéitspolitik ze setzen an da brauch een net un de Park knabberen ze goen. Wann een dat mécht, dann ass een och wierklech a Kontradiktioun mam eegene Mobilitéitsplang awer och mat den Ziler fir méi Begréngung an der Stad ze hunn an net manner an deem ee bal 100 Metercarré vum Park wëll ewechrappen.”
Park fort fir Vëlospist, awer net fir den Tram: eng Kontradiktioun?
D’Beschneide vum Park géif och e Prezedenzfall schafen, fäert de François Benoy. Hien ass erstaunt, datt d’Stater Buergermeeschtesch am Walkampf nach gesot hätt “mir ginn net un de Park’” an dowéinst den Ausbau vum Tram duerch d’Neipuertsgaass verworf hätt, een elo awer driwwer nodenke géif, an der Avenue Marie-Thérèse un de Park “knabberen” ze goen.
Fir den DP-Politiker Patrick Goldschmidt ass den Tramsprojet an der Neipuertsgaass awer net mat deem vun der Vëlospist an der Avenue Marie-Thérèse ze vergläichen. Fir den Tram missten nämlech Beem wechgerappt ginn, wat hei ënne fir d’Vëlospist net de Fall wär. “An dat war och eng vun de Konditiounen, wou meng Kolleegen am Schäfferot gesot hunn: ‘mir sinn averstane, awer nëmme wa kee Bam muss ofgerappt ginn, ausser et wier eng kleng Heck’”, betount de Mobilitéits-Schäffen.
D’Propos vun déi gréng fir “d’Pop-up-Vëlospist” op der Avenue Marie-Thérèse op der rietser Autosspuer ze perenniséieren, ass fir den DP-Politiker keng Optioun. Dat hätt sech no 8 Méint Testphas erausgestallt. “Weder fir de Vëlosfuerer, weder fir de Bus, den Autosfuerer. Well et awer eng komplizéiert Kräizung ass. En extreme Réckstau an den honnerte Meter hannendrun, dass den Tram deelweis blockéiert ass op der Kräizung, dass eis stättesch Busse blockéiert sinn.”
Mat Hëllef vun der Police, Mesurë fir manner Duerchgangsverkéier oder enger besserer Schaltung vun de Roude Luuchten hätt een dee Problem an de Grëff kritt, mengt de François Benoy. Domadder wär een och dem Stater Mobilitéitsplang entgéintkomm, dee virgeséich, op Dauer bannent der Stad 50 % nohalteg Mobilitéit ze hunn.
Vëlospist kéint am Fréijoer fäerdeg sinn
Bis Januar sollen déi zoustänneg Servicer vun der Stad Lëtzebuerg préiwen, ob d’Iddi ëmsetzbar ass, fir de Park zugonschte vun der Vëlospist ze stutzen. De Patrick Goldschmidt hofft, datt dat sech confirméiert. An deem Fall kéint d’Vëlospist am Fréijoer scho fäerdeg sinn.