D’Affär Caritas wäert als ee vun de gréisste Fäll vu Finanzkriminalitéit am Land, wann net esouguer dee gréissten an d’Geschicht agoen.
Kaum een huet et fir méiglech gehalen, wou mam Ufank vun der Summervakanz d’Nouvelle komm ass, dass der Caritas 61 Milliounen Euro bannent enger Zäit vu 6 Méint geklaut gi wieren. Besonnesch, well d’Caritas net emol esou vill Suen hat.
“D’Caritas hat ni 61 Milliounen Euro um Konto. Wéi déi ganz Saach ugaangen ass, do hat d’Caritas grad 28 Milliounen Euro um Konto. An dat ass ongeféier d’Hallschent vun deene Suen, déi mir am Joer brauchen, fir ze funktionéieren”, sou de Generaldirekter vun der Caritas Marc Crochet Enn Juli.
De Parquet schwätzt beim Déifstall vum Presidententrick. 8.200 Transaktioune ware gemaach ginn, Kreditlinnen a Milliounenhéicht gezu ginn. Séier war fir d’Banke kloer, dass Professioneller um Wierk waren. “Wann natierlech en plus Dokumenter gefälscht ginn, wou eng Demande de Crédit gemaach gëtt, do mussen déi Leit scho ganz genee wëssen, wat se maachen. Well et ass net eng Persoun an enger Bank, déi decidéiert, ob esou e Kredit gemaach gëtt oder net”, mengt de Jerry Grbic, CEO vun der Bankenassociatioun ABBL.
Eng Opklärung vum Fall wäert elo wuel Joren daueren. D’Sue si fort, op Bankkonte baussent der EU. Am Background am Gespréich erkläert d’Procureur général d’Etat Martine Solovieff: “Do sidd der jo natierlech och total dependent vun der entraide vun den auslännesche Justizautoritéiten. An Europa funktionéiert et plus minus gutt, mee ausserhalb Europa brauch ech Iech net ze soen. Dir schéckt eppes dohinner an dir kritt näischt erëm.”
Fir d’Caritas-Mataarbechter waren et dann zanter der Nouvelle turbulent Méint. Vill haten Angscht ëm hir Zukunft. Richteg responsabel gefillt fir si huet sech ugangs keen. Weder de Verwaltungsrot nach de Bistum als Träger. “Am Ufank war do glat keng Kommunikatioun. Dat heescht, wann d’Caritas sech esou kierchlech versteet, firwat ass da kee bei de Bëschof komm, fir driwwer ze schwätzen? Oder z’erklären, wat geschitt ass”, sot de Kardinol Jean-Claude Hollerich.
Um Enn goufen d’Caritas-Mataarbechter fir déi national Aktivitéite vun der nei gegrënnter ASBL Hëllef um Terrain iwwerholl. Bal 350 Mataarbechter hunn den 1. Oktober bei HUT gewiesselt. De President vun Hëllef um Terrain wärend enger Pressekonferenz: “Ech si sécher, dass muer Hëllef um Terrain e grousse Succès wäert hunn. Haut ass vill Gedäisch ëm dës Affär. Mee déi nei Organisatioun wäert ganz normal schaffen.” Déi aktuell Ombudsman Claudia Monti iwwerhëlt am Abrëll als nei Presidentin d’Geschäfter.
Souwuel fir de politesche Plaidoyer, wéi och fir déi internationaler Kooperatioun war net méi genuch finanzielle Sputt do. Vill Projete konnten net iwwerholl ginn. De Michael Feit, Chef vun der Caritas international war enttäuscht: “Elo ass et tatsächlech esou wäit. An d’Bewosstsinn, dass et elo tatsächlech déi Lëtzebuerger Caritas, wat d’Kooperatioun ugeet, an Zukunft net méi gëtt, dat mécht ee schonn immens traureg.”
Zréck bleift de batteren Nogoût, wéi d’Affär deels geréiert ginn ass. “Ech mengen, dass et néirens an engem europäesche Land esou wéineg Informatiounen iwwert dee Fall do géif ginn. Mir soen ëmmer, d’Justiz mécht hir Aarbecht. Mä ech fannen awer och, dass de Parquet och kéint e bësse méi informéieren, iwwert dat wat geschitt”, sot den ADR-Deputéierte Fred Keup. An d’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding: “D’Caritas ass d’Kierch. An da kann de Kardinol a se alleguerten net einfach dohinner goen, an de Kapp an de Sand stiechen an esou maachen, wéi wa si näischt mat där Saach ze dinn hätten. An de Kardinol hei seng Hänn an Onschold wëll wäschen.”
D’Caritas-Affär war vun Ufank u vum Premier als Chefsaach deklaréiert ginn. Vill gouf awer d’Kommunikatioun kritiséiert. De Premier Luc Frieden (CSV) kuckt zréck: “Ech akzeptéiere gären d’Kritik, dass ech hätt misse méi kommunizéieren, datt och déi nei Organisatioun hätt misse méi kommunizéieren. Mä ech wëll iech soen, wann een intensiv am August, am September mat de Kolleegen un esou enger Solutioun schafft, da kann een och net all Dag kommunizéieren, da muss ee fir d’éischt Léisunge fannen.”
An de leschten Deeg war dann de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg an der Kritik wéinst hirer Konventioun mat Hëllef um Terrain an där steet. “Toute communication à la presse par l’association concernant le present projet devra être faire en concertation avec la ville de Luxembourg.” “An ech mengen, hei si mer geféierlech no un engem Maulkuerf”, sou déi Gréng Stater Conseillère Christa Brömmel.
D’Iewe vu Caritas Lëtzebuerg ass hei am Land geséchert. De Sujet bleift awer an der Aktualitéit. An och d’Sich no engem Generaldirekter fir HUT geet weider.