De Match war um Samschdeg de Mëtteg um Kannercampus Belval. D’Hal war mat ronn 500 Spectateuren ausverkaaft.

De Sportminister Georges Mischo war present wéi zum Beispill och d’Buergermeeschtesch vu Suessem Simone Asselborn-Bintz oder de President vun der Handballfederatioun Romain Schockmel.

Et sinn zwou gemëschten Ekippe géinteneen ugetrueden mat aktuellen a fréieren bekannte Lëtzebuerger Handballspiller.

Den David Gyafras konnt selwer net present sinn, well hien an Däitschland am Spidol ass. Seng Fra huet de Chèque vun 67.500€ entgéint geholl. D’Organisateuren esou wéi dem David Gyafras seng Famill ware komplett iwwerrascht iwwer de Succès vun dëser Organisatioun an der Zomm, déi konnt gesammelt ginn.