Déi bedeitend Zäitzeie vun der Juddeverfolgung wärend der NS-Herrschaft ass um Freideg am Alter vun 103 Joer zu Berlin gestuerwen.
Dat huet hir Stiftung am Laf vum Owend matgedeelt. Si hätt e Freideg solle mam “Große Bundesverdienstkreuz” geéiert solle ginn. Den däitsche Bundespresident Steinmeier huet a sengem Kondolenzschreiwes ervirgehuewen, dass d’Margot Friedländer “eisem Land Versönung geschenkt” hätt.
D’Margot Friedländer hat sech wärend der nationalsozialistescher Juddevernichtung zu Berlin verstoppt, gouf awer verroden an an d’Konzentratiounslager Theresienstadt verschleeft. Hir ganz Famill gouf am Vernichtungslager Ausschwitz ëmbruecht, si huet awer iwwerlieft.
Nom zweete Weltkrich ass si an d’USA ausgewandert an huet sech eréischt spéit an hirem Liewe mat hiren Erfarungen am Holocaust ausernaner gesat. Si huet dee Schrëtt als hiert véiert Liewe bezeechent. Bekannt gouf se ënnert anerem duerch hir Autobiographie “Versuche, dein Leben zu machen”.
2010 huet si sech entscheet zeréck an hir Gebuertsstad Berlin ze plënneren.
Si huet sech bis zum Schluss géint d’Vergiessen agesat, huet a Schoulen an op Veranstaltunge Riede gehalen. Dobäi huet se sech och besuergt gewisen, iwwert den Antisemitismus, deen nees géif zouhuelen. Si wier net iwwerrascht, just enttäuscht an traureg, sot d’Friedländer am Joer 2023. Am selwechte Joer huet se d’Margot-Friedländer-Stëftung gegrënnt, déi hiert Vermächtnis um Liewen hale soll.
De Bundeskanzler Merz huet d’Margot Friedländer als eng vun de stäerkste Stëmme vun eiser Zäit bezeechent.
Den Olaf Scholz huet un hir Botschaft erënnert: “Seid Menschen”.