Wien an der Stad wëll wunnen, muss dacks nach méi déif an d’Täsch gräife wéi am Rescht vum Land.
Ëffentlech Promoteure wéi d’SNHBM oder de Fonds de Logement kënne méi niddreg Präisser ubidden, well den Terrain net mat verkaf gëtt. Et gëllt en Droit d’emphytéose op 99 Joer. Ma och de Fonds Kirchberg, dee keen ëffentleche Bauträger ass, verkeeft mat Droit d’emphytéose. Wéi abordabel ass abordabele Logement um Kierchbierg? Där Fro ass d’Monica Camposeo nogaangen.
Mir sinn an engem Duplex um Kierchbierg. Um private Wunnmarché läit de Metercarréspräis hei am Quartier beim Neibau bei ronn 13.500€. Dat trëfft op en Appartement vum Fonds Kirchberg net zou. Den Direkter vum Fong, de Marc Widong, erkläert, dass net op d’Qualitéit soll verzicht ginn. De Präis bei Projeten, déi aktuell gebaut ginn, läit bei ronn 9.500 de Metercarré €. 30 Prozent manner wéi de Marchéspräis also.
Dat gëllt och fir de rezentste Projet, deen am Abrëll an d’Vente gaangen ass; nämlech de leschten Deel vum Quartier Kiem2050. En Appartement vun 3 Kummeren, 100 Metercarré, gëtt um Internetsite vum Projet mat engem Präis vun enger Millioun Euro affichéiert. Trotz Zënshausse wier d’Demande awer do, esou de Marc Widong. Wärend sech allerdéngs soss zéng Mol méi Leit gemellt hunn, wéi Wunnengen do waren, wier een elo éischter bei zwee Mol méi. “E bësse méi bëlleg wunnen an awer um Kierchbierg”, fir dëst Konzept wier d’Clientèle do. De Fonds de Kirchberg viséiert och ganz däitlech d’Mëttelschicht un, wat d’Projeten ugeet, déi an de Verkaf ginn. Dobäi kënnt, dass sech jiddereen, deen um Kierchbierg oder laanscht der Tram-Linn schafft, melle ka fir eng Wunneng vum Fonds Kirchberg. Et gëtt keng Limitt vum Revenu.
Ëffentlech Bauträger kënne méi niddreg Präisser ubidden
De Fonds Kirchberg kritt keng Subside vum Staat an ass och keen ëffentleche Bauträger, wéi zum Beispill d’SNHBM.
Fir eng Wunneng bei der Société Nationale des Habitations à Bon Marché kënnen ze kafen, gëllt dofir awer och eng Limitt beim Revenu. De Metercarréspräis läit bei 4.500 bis 5.000 Euro, egal wou am Land d’Wunneng oder d’Haus ass. Ma trotzdeem goufen d’lescht Joer nëmmen 38 Logementer verkaf, ganz einfach well déi Leit, déi zwar eligibel waren, kee Prêt kruten. D’Situatioun huet sech dëst Joer e wéineg berouegt, dobäi kënnt jo, dass mam neie Gesetz méi Stéit d’Krittäre fir den abordabele Logement erfëllen. Eng Upassung, déi fir d’SNHBM immens wichteg wier, esou de Guy Entringer, Direkter vun der SNHBM.
Déi kleng Marge vun e puer Prozent op der Vente deckt nämlech déi lafend Käschten an erméiglecht och de Bau vu Locatiounswunnengen. De Fait, dass d’Limitt vum Revenu elo no uewen ugepasst gouf, bréngt natierlech mat sech, dass Leit, déi besser gestallt sinn, och abordabel kënne kafen. Dat misst een a Kaf huelen. Anescht wier de Modell net méiglech, betount de Guy Entringer, Direkter vun der SNHBM. Et wier een u gewësse Krittäre gebonnen, wéi nohaltegt Bauen, an doduerch ergi sech dann d’Baukäschten. Et géing een ëmmer probéieren, eng gutt Balance tëscht Qualitéit an Abordabilitéit ze fannen. Ma leider wier et net méiglech, dass och Leit mat engem ganz niddrege Revenu kënne kafen. Virun allem och well d’Zënsen den Ament méi héich sinn wéi nach virun e puer Joer. Dowéinst ass d’Zil vun der SNHBM, och ganz kloer de Locatiounsmarché weider auszebauen.
Egal ob ëffentleche Promoteur oder net, souwuel d’SHBM wéi och de Fonds Kirchberg kafen d’Logementer selwer op, wann d’Clientë wëlle verkafen. Zu engem fixe Präis. Verlounen oder en zweet Logement besëtzen, dierf een als Proprietär net. D’Zil ass et, dass d’Wunnengen der ëffentlecher Hand net verluer ginn a weiderhin Leit um Kierchbierg kënne wunnen, ouni dorausser Profit ze schloen.