Belsch
RTL|Update: 13.01.2025 11:02
Ronn 40 Prozent vun de geplangt Flich a Landungen um Bréisseler Fluchhafen Zaventem si wéinst dem Streik gestrach ginn.
Haaptsächlech streikt d’Personal, dat sech ëm d’Gepäck këmmert, sou wéi d’Sécherheetspersonal, esou eng Spriecherin vum Fluchhafen. Och den zweetgréisste Fluchhafen an der Belsch, deen zu Charleroi, huet viru Verspéidungen an Ausfäll gewarnt, well déi dräi grouss belsch Gewerkschaften zum Streik opgeruff haten.
Ma net nëmmen de Fluchtrafic ass vun de Streike betraff, well och bei der belscher Bunn gëtt gestreikt. Och Busser falen deelweis aus. A Flandern streikt iwwerdeems och d’Léierpersonal.
Dat alles, well an de Koalitiounsverhandlunge fir eng nei belsch Regierung méiglech Pläng fir eng Rentekierzung diskutéiert ginn. D’Marie-Hélène Ska vun der Gewerkschaft CSC huet gewarnt, datt déi méiglech nei Regierung wuel op d’mannst dräi Milliarde bei de Renten aspuere wëll.