En Donneschdeg huet d’Lëtzebuerger Hären-Nationalekipp am Basket e Frëndschaftsmatch géint Sluc Nancy gespillt.
An der Coque um Kierchbierg hunn d’Rout Léiwen dëse Frëndschaftsmatch als Virbereedung genotzt. E Sonndeg spillt Lëtzebuerg um 19.00 Auer an der Pre-Qualifikatioun fir d’WM 2027 géint Rumänien, dat och an der Coque um Kierchbierg.
D’Gäscht aus Frankräich, bei deenen de fréieren Escher Trainer Sylvain Lautié op der Trainerbänk sëtzt, hunn hir Dominanz ënner dem Kuerf am Ufank vum Match ausgespillt a sech 26:17 ofgesat. Duerch Impulser vum Malcolm Kreps huet Lëtzebuerg sech bis zur Paus nees an de Match gekämpft. An der zweeter Hallschecht huet d’Profisekipp vun Nanzeg sech lues a lues ofgesat a wënnt mat 107:80.
Den Nationaltrainer Ken Diederich huet de Match, fir deen nëmmen 200 Zuschauer de Wee an d’Coque fonnt haten, genotzt, fir vill ze rotéieren a Systemer ze üben. Um Enn hunn néng Lëtzebuerger Spiller Punkte markéiert, den Ivan Delgado an de Clancy Rugg haten allebéid 16 Punkten um Kont, den Alex Laurent (13) an de Malcolm Kreps (10) hunn donieft och zweestelleg markéiert.
Fir Lëtzebuerg stoungen am Kader: Malcolm Kreps, Max Logelin, Philippe Gutenkauf, Thomas Grün, Dorian Grosber, Alex Laurent, Joe Kalmes, Ben Kovac, Oliver Vujakovic, Clancy Rugg, Ivor Kuresevic, Ivan Delgado