Protest e Freideg de Moie virum Finanzministère wéinst de steierlechen Diskriminatioune vun den iwwer 200.000 Frontalieren, déi zu Lëtzebuerg schaffen.

Den LCGB huet ënnerstrach, datt d’Grenzgänger net just all Dag mat Stau geplot sinn, mä ëmmer méi mat administrative Schikane konfrontéiert sinn an a Punkto Steiere carrement diskriminéiert ginn.

D’Gewerkschaft fuerdert e sozial a steierlechen Zesummenhalt bannent der Groussregioun, e Stopp vun de Grenzkontrollen, eng grenziwwerschreidend Politik, fir datt d’Salariéen all déi nämmlecht steierlech Rechter, Sozialleeschtungen a Méiglechkeeten op Teletravail hunn.