D’Verletzungspech bleift de Bierchemer trei. Déifferdeng schrubbt Rëmeleng, spannend Matcher gouf et zu Esch a Bouneweg.
Axa League Hären
Et war den erwaarten enke Spëtzematch zu Crauthem, an deem et kee Gewënner gouf. No 60 Minutte mat ville Goler ass de Score tëscht Bierchem an Diddeleng bei 39:39 stoe bliwwen.
Bierchem hat op déi vill rezent Ausfäll (ë.a. Hoffmann a Biel) reagéiert an den Oldie Cédric Stein aus der Handballpensioun zeréckgeholl. Direkt no 2 Minutte hunn d’Réiserbänner den Ausfall vum Ben Majerus verkraafte mussen, dee sech wuel schwéier um Knéi blesséiert huet, wat warscheinlech e weidere laangen Ausfall fir d’Réiserbänner bedeite wäert.
D’Lokalekipp konnt sech ab der 15. Minutt eng 4-Goler-Avance erausspillen; hei hat virun allem de jonken Oscar Wener säin Undeel drun. Diddeleng konnt kuerzzäiteg ausgläichen, ass awer mat engem 2-Goler-Réckstand an d’Paus gaangen (17:19).
No 47 Minutten hat Bierchem scho wéi de Gewënner ausgesinn, well si eng Avance vu 5 Goler haten, wourun de Grzegorz Czapiewski am Bierchemer Gol groussen Undeel hat. Mee Diddeleng koum ënnert dem Impuls vun den Etute-Bridder am Réckraum zeréck a konnt an der 54. Minutt nees ausgläichen.
No der Rouder Kaart géint de Bierchemer Ben Weyer war Diddeleng souguer am Avantage, huet dësen awer nach aus der Hand ginn. Den Daniel Scheid konnt mam leschte Ball den Ausgläich markéieren, deen och verdéngt war.
D’Red Boys Déifferdeng, déi no der Victoire ënnert der Woch géint Bierchem vun der Tabellespëtzt gréissen, hu mat der Esperance Rëmeleng kuerze Prozess gemaach an d’Ekipp vum Trainer Yves Braconnier mat 33:17 heemgeschéckt. De Morgan Togno vun Déifferdeng war mat 7 Goler beschte Buteur.
Dikrech feiert mam 25:25 e wichtege Punkt am Kampf géint den Ofstig an hannerléisst consternéiert Escher. De Chev hat de Match mat engem 3:0-Laf ugefaangen an d’Escher domat kal erwëscht. D’Lokalekipp konnt de Score no 12 Minutten zu hire Gonschten dréinen, mee richteg ofsetze war géint dës staark opspillend Dikrecher net dran. Sou goung et och leeschtungsgerecht mat 12:12 an d’Kabinnen. De Match stoung iwwer 60 Minutte Spëtz op Knapp, well sech den amtéierende Coupe-Gewënner net decisiv ofsetze konnt an Dikrech net labber gelooss huet. Um Enn ass de Punkt fir Dikrech méi wéi verdéngt.
Den HB Käerjeng huet sech beim HC Standard immens schwéier gedoen, gewënnt um Enn awer 29:27. Käerjeng konnt sech déi éischt Hallschent ni wierklech ofsetzen an huet souguer engem Réckstand mussen hannendru lafen. Nom 13:12 an der Paus aus Käerjenger Siicht hu sech d‘Gäscht eréischt ab der 45. Minutt mat méi wéi 3 Goler ofsetze kënnen. De Standard koum 5 Minutte viru Schluss nach eng Kéier geféierlech erun, mee Käerjeng huet de Match heembruecht.
Axa League Dammen
No der souveräner Victoire ënnert der Woch zu Käerjeng (37:25) hunn d’Diddelenger Fiiss weider 2 Punkten op hirem Kont verbucht. D’Ekipp vum Trainer Mikel Molitor hat beim 43:23 beim HC Standard keng Problemer. No 30 Minutten hat et scho 24:13 fir d’Gäscht gestanen. Déi jonk Diddelengerin Laura Ciufoli war mat 7 Goler bescht Buteuse vun hirer Ekipp, déi meescht Goler vum Match goungen awer op de Kont vun der Clara Baldin (9) vum Standard.
Den HB Käerjeng feiert trotz enger deziméierter Ekipp an der héijer Néierlag ënnert der Woch géint Diddeleng eng knapp 30:27-Victoire géint den HB Museldall. Tina Welter a Co hate wuel de bessere Start, mee d’Ekipp vun der Musel konnt de Score kuerz virun der Paus zu hire Gonschten dréinen, soudass et mat 13:12 aus hirer Siicht an d’Kabinne goung.
No der Paus huet bis zur 40. Minutt gedauert, bis Käerjeng nees ausgläiche konnt. Duerno haten déi Gréng ëmmer eng Avance vun 2-3 Goler, mee 5 Minutte viru Schluss konnt de Museldall nach eng Kéier ausgläichen. An der Crunchtime huet d’Tina Welter Verantwortung iwwerholl a 4 vun hiren 9 Goler markéiert an hirer Ekipp domat 2 wichteg Punkte geséchert.
D’Red Boys Déifferdeng setze sech zum Optakt vum Retour eng zweet Kéier an dëser Saison géint de Chev Dikrech duerch. Um Enn stoung en 21:18 um Tablo. No engem schlechte Start konnt Dikrech de Score zu senge Gonschten dréinen a mat engem Avantage vun 12:10 an d’Paus goen. D’Gäscht louchen och bis zur 45. Minutt vir, éier Déifferdeng d’Féierung nees iwwerhuele konnt. D’Ekipp aus der Cité du Fer huet och dovu profitéiert, dass d’Dikrecherin Sophie Elcheroth no 50 Minutte wéinst dräi Zäitstrofe vum Terrain huet musse goen. Domat war d’Dikrecher Verdeedegung net méi sou kompakt an Déifferdeng konnt de Sak zoumaachen.
Den HB Esch, deen duerch seng konstant Leeschtungen dës Saison mëttlerweil op der 4. Plaz ze fannen ass, huet ouni Problem 40:17 beim Tabelleleschten HC Atert Réiden gewonnen. D‘Lea Steichen (15) an d‘ Noemie Hoffmann (12) hunn zesumme 27 Escher Goler geworf.