No de Vertrieder vun de Jugendparteien en Dënschdeg ass et haut un de Politiker vun de Mammeparteien, fir iwwer d’Pensiounsreform ze diskutéieren.

Wat hale si vun de Fuerderunge vun der Jugend? Wat ass an hiren Aen absolutt Prioritéit a wou dierf guer net dru geschrauft ginn?

Et diskutéieren den Auteur vun der leschter Pensiounsreform 2012 den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo an den CSV-Fraktiounschef Marc Spautz.

De Face-à-Face héiert der de Moien no 8  Auer live hei um Radio, op der App oder online op rtl.lu