E Mëttwoch den Owend stoung an der CL déi zweeten Halleffinall um Programm. An dëser hu sech Arsenal an de PSG ëm déi leschte Plaz fir d’Finall gestridden.
Nodeems sech en Dënschdeg den Owend den Inter vu Mailand an engem spannenden an ënnerhalende Match no Verlängerung géint den FC Barcelona duerchsetzen an domadder den Ticket fir d’Finall aléise konnt, ass e Mëttwoch den Owend d’Entscheedung iwwert de Géigner vun den Italiener gefall.
An engem serréierten a spannende Match ka sech um Enn de PSG knapps mat 2:1 géint Arsenal behaapten an domadder den Ticket fir d’Finall aléisen.
Deemno wäerten d’Paräisser den 31. Mee an der Finall vun der Champions League, déi zu München gespillt gëtt, op den Inter vu Mailand treffen.
PSG – FC Arsenal 2:1
1:0 Fabian Ruiz (27′), 2:0 Hakimi, 2:1 Saka (76′)
D’Spectateuren zu Paräis kruten eng monter Ufanksphas vun de Gäscht ze gesinn. Dës hu vun Ufank u voll opgespillt an hunn d’Paräisser fréi ënner Drock gesat. Esou hu si sech eng sëllege Chancë kreéiert. Schonn an der drëtter Minutt hunn déi Londoner e geféierleche Schoss a Richtung Gol vum Donnarumma lassgelooss. Et war de Rice, dee säi Gléck probéiert, mä de Gol ëm e puer Zentimeter verfeelt huet. Nëmmen eng Minutt drop war et de Gabriel Martinelli, deen den Donnarumma op d’Prouf gestallt huet, mä den italieenesche Golkipp konnt de Schoss vum Londoner paréieren. D’Spiller vun Arsenal hunn net nogelooss an hu weider no vir gespillt. Esou huet an der 8. Minutt den Odegaard sech en Häerz gefaasst an ofgezunn, mä och dëse konnt de Ball net laanscht dem Donnarumma am Gol ënnerbréngen.
Vun de Paräisser ass eng laang Zäit näischt komm, awer an der 17. Minutt ware si dunn och fir déi éischte Kéier geféierlech virum Londoner Gol: De Georgier Kvaratskhelia ass mat Vitess no vir marschéiert an huet aus der Distanz ofgezunn. Säi sate Schoss ass allerdéngs net am Gol ageschloen, mä ass um Latekräiz gelant. De Match war elo méi ausgeglach, obschonns Arsenal liicht méi Spillundeeler hat.
Dës konnten déi Londoner awer net an e Gol ëmmënzen, ganz am Géigendeel: Et waren nämlech déi Paräisser, déi an der 27. Minutt a Féierung goe konnten. No engem Fräistouss gëtt de Ball virun d’Féiss vum Fabian Ruiz gekläert, deen de Ball kuerz unhëlt, baussent dem Strofraum ofzitt an de Ball am Gol fir seng Faarwen ënnerbrénge kann. Domadder haten déi Präisser de Spillverlaf e bëssen op de Kapp gestall. Dëst well sech dëse Gol net richteg ugedeit hat. Nom Gol ass dunn net méi vill geschitt, soudatt déi Paräisser mat enger 1:0-Avance op den Téi gaange sinn.
Nom Téi hu sech béid Formatioune laang schwéier gedoen. Allebéid konnte se net geféierlech virun de jeeweilege Goler opdauchen. Et huet deemno bis an déi 64. Minutt gedauert, ier datt eng Formatioun eng nennenswäert Chance verbuche konnt. De Saka ass vun der rietser Säit a Richtung Gol marschéiert an huet de Ball a Richtung Gol gezierkelt. Mä op en Neits huet den Donnarumma sech laang gemaach a konnt de Ball mat enger gudder Parad entschäerfen, soudatt et beim 1:0 fir de PSG bliwwen ass.
D’Lokalekipp hat an der 69. Minutt dunn d’Occasioun, fir de Score op 2:0 ze setzen. Dëst well de VAR sech ageschalt hat an dësen de Paräisser en Eelefmeter no engem Handspill vun engem Londoner Spiller accordéiert huet. De fällegen Eelefmeter konnt de Vitinha, deen dësen op eng zimmlech arrogant Manéier geschoss huet, awer net am Gol ënnerbréngen. Allerdéngs sollt zwou Minutten drop dunn awer den 2:0 falen. Et war den Hakimi, deen aus gutt 12-Meter ofgezunn, de Ball mat engem placéierte Schoss am Gol vum Raya ënnerbruecht an domadder scho fir Virentscheedung gesuergt huet. Esou hätten d’Spiller vun Arsenal elo dräi Goler misse schéissen, fir nach an d’Verlängerung ze kommen. Zwar ass de Londoner an der 76. Minutt nach den Uschlossgol duerch de Saka gelongen, mä dësen ass awer ze spéit komm. Arsenal huet duerno wuel nach eng Kéier alles no vir geworf an ass och nach virun allem duerch de Saka zu gudde Chancë komm, mä et sollt kee weidere Gol méi falen.
Um Enn musse sech d’Londoner mat 1:2 géint de PSG geschloe ginn, soudatt d’Englänner an der Halleffinall eliminéiert ginn an déi Paräisser nees eng Kéier an der Finall vun der Champions League stinn. An dëser treffe si den 31. Mee op Inter Mailand.
All d’Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Champions League ze kommen.