Attack op Wunnhaus zu Beirut
RTL|Update: 23.11.2024 11:25
Bei enger israeelescher Rakéitenattack op e Wunnquartier an der libaneesescher Haaptstad sinn op d’mannst 4 Mënschen ëm d’Liewe komm an 23 blesséiert ginn.
D’Rakéit wier e Samschdeg am Quartier Basta al-Fauka am Zentrum vu Beirut an e Wunnhaus ageschloen, heescht et vum libaneesesche Gesondheetsministère. Aktuell géing ënnert de Stécker vum Appartementshaus nach no Vermësste gesicht ginn.
Der nationaler Noriichtenagence aus dem Libanon no wier d’Gebai mat 8 Etagen an der Al-Mamun-Strooss duerch de Beschoss vun israeelesche Rakéite komplett zerstéiert ginn. Virum Ugrëff wier awer net zur Evakuatioun opgeruff ginn.
Wéi Journaliste vun der Noriichtenagence AFP zu Beirut an Ëmgéigend erzielt hunn, hätt ee géint 4 Auer Lokalzäit op d’mannst dräi hefteg Explosiounen héieren. Och eng Partie Haiser an der Géigend wieren zerstéiert ginn. Op Biller vun AFPTV war ze gesinn, wéi sëllegen Ambulanze bei d’Gebai gefuer sinn a Bagger amgaange sinn, d’Stécker vum Haus ewech ze raumen.
D’Attack e Samschdeg war den zweeten Ugrëff op de Quartier Basta zanter der Eskalatioun vum Konflikt tëscht Israel an der Hisbollah-Miliz. Donieft wier och Hadath e Samschdeg attackéiert ginn, ee vun de südleche Viruerter vu Beirut an Héichbuerg vun der Hisbollah.