Zu Éiere vun der 25. Editioun vum Dräi-Länner-Trail gouf d’Championnat iwwer d’Laangdistanz dëst Joer zu Wäiswampech ausgedroen.

D’Organisateuren hat wéinst der Integratioun vun den nationale Meeschterschafte méi Aarbechtsopwand, fir d’Strecken iwwer 49, 28, 17 an 11 Kilometer (Walking a Lafen) ze preparéieren an d’Leeferinnen a Leefer ze verfleegen.

Insgesamt hate sech 59 Leefer a Leeferinnen op de Wee gemaach, awer just 13 Männer an 2 Damme koumen a Fro, fir nationale Champion iwwer d’Laangdistanz (49 km) ze ginn.

Bei den Häre gewënnt de Luca Clees virum Toni Veigas an dem Hakan Nilsson a verdeedegt domat säin Titel vum leschte Joer. Mam Shefi Xhaferaj huet sech och déi selwecht Fra nees an de Palmarès agedroen. Si gewënnt virum Sonny Eschette. Am Ganze hat sech mat 540 Leefer verdeelt op 5 Courssen eng Rekordzuel fir dësen Trail ugemellt.