Um 5. Spilldag kréien d’Hesperer Ambitiounen en éischten Dämpfer. Munneref gewënnt spéit héich zu Rodange an d’Jeunesse Esch klappt am Derby Monnerech.
Den SC Beetebuerg suergt fir d’Iwwerraschung vum 5. Spilldag. Den Opsteiger klappt de Swift Hesper doheem 3:0 a séchert sech domat déi éischt Punkten an der neier Spillzäit. D’Heemekipp huet sech vun Ufank un net verstoppt an d’Gäscht viru grouss Problemer gestallt. Wat hinnen och gehollef huet, war d’Effikassitéit. Déi éischt dräi Schëss op den Hesper Gol waren dobannen. Domat haten d’Hesper Spiller net gerechent.
De Swift wollt et no der Paus besser maachen an ass mat honnert à l’heure aus de Kabinne komm. Hir Schëss sollten awer ëmmer um Potto oder um Beetebuerger Golkipp hänke bleiwen. No der Drangphas vun Hesper konnt Beetebuerg sech nees e bësse befreien a fir Entlaaschtung suergen. Dobäi wär bal de véierte Gol gefall. Nodeems Hesper erkannt hat, dass et haut keng Punkte sollte ginn, ass de Match verdéngt 3:0 fir Beetebuerg ausgaangen.
Am Spëtzematch tëscht Déifferdeng an Nidderkuer huet den amtéierende Champion mat 1:0 d’Iwwerhand behalen. Et war eng éischt Hallschent, déi vill Spannung hat, mee de Match huet déi knapp 2.000 Spectateure spilleresch net vum Hocker gerappt. De Progrès war wuel déi besser Ekipp an hat och eng Rei gutt Golchancen opweises, mee ouni déi néideg Reussite. Déifferdeng huet net säi beschte Futtball gewisen.
No der Paus war et dat ëmgedréint Bild. D’Lokalekipp hat op eemol méi Ballbesëtz an Nidderkuer war mat Verteidege beschäftegt. Sou konnt de Quintiliano Borges no engem Corner an der 60. Minutt zum decisive Gol erasetzen. Et war eréischt déi zweet geféierlech Aktioun vum Champion. Bis zum Schluss hat den FCD03 déi besser Aktiounen, mee et sollt kee weidere Gol falen, soudass Déifferdeng den Derby géint de Progrès fir sech entscheet.
Zu Rodange war de Match laang ausgeglach. Beim Stand vun 2:1 fir Munneref hat Rodange d’Chance, per Eelefmeter auszegläichen. Deen hu si awer leie gelooss an am Géigenzuch den 1:3 kasséiert. Doropshin ass Rodange an de leschte Minutten auserneegefall an huet sech nach zwee Goler gefaangen.
Den Detail vun de Matcher kënnt Dir am RTL-Ticker noliesen.
Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de Goler
Déifferdeng – Nidderkuer 1:0
1:0 Quintiliano Borges Da Silva (60′)
Beetebuerg – Hesper 3:0
1:0 Merino (13′), 2:0 Couto Pinto (17′), 3:0 Mendes Da Silva (34′)
Racing – Fola Esch 2:1
1:0 Mazié (34′), 1:1 Diakhité (47′), 2:1 Mabella (69′, Eelefmeter)
Jeunesse Esch – Monnerech 3:0
1:0 Dutard (14′), 2:0 Jungling (79′), 3:0 Nurenberg (83′)
Stroossen – Hueschtert 2:1
0:1 Avdusinovic (12′), 1:1 Bernardelli (49′), 2:1 Nogueira Albuquerque de Souza (55′)
Rodange – Munneref 1:5
1:0 Atieda (36′), 1:1 Costinha (43′), 1:2 Khairane (45’+1), 1:3 Godart (81′), 1:4 Lopes (90’+1), 1:5 Tinelli (90+4)
Rouspert – Péiteng 1:2
1:0 Carratala-Jimenez (53′, Eelefmeter), 1:1 Fuss (63′), 1:2 Sarr (90’+4)