En Dënschdeg den Owend huet d’FLBB op eng AG Extraordinaire invitéiert. Sujet war, wéi vill Auslänner a Profien an Zukunft an de Veräiner spillen dierfen.

An der Assemblée Générale vum 18. Mee war nach festgehale ginn, datt all Ekipp aus der LBBL mat zwee Profie spille kann a mat zwee weideren Auslänner, déi dat net professionell maachen. Dat huet allerdéngs zu villen Diskussioune gefouert.

En Dënschdegowend huet d’FLBB an enger Assemblée Générale Extraordinaire en zousätzleche Paragraph zum Vott gestallt. Et gouf proposéiert, fir datt en Auslänner an der éischter Ekipp spille kann, do awer net als Profi zielt, datt hien zanter 24 Méint schaffe muss an dat och mat engem Certificat beleeë muss.

Dës Propose gouf mat enger Majoritéit vun 66,1 Prozent ugeholl. Allerdéngs zielt dëst eréischt vun der Saison 2025/26 un a gëllt och just fir déi zwou iewescht Divisioune bei den Hären a fir déi héchsten Divisioun bei den Dammen.