Ouni Krokodil kee “Crocodile Dundee”: De Salzwaasserkrokodil Burt huet nieft dem Paul Hogan an der bekannter Filmrei matgespillt, elo ass d’Déier dout.

Ganzer 90 Joer al ass de Krokodil Burt ginn, wéi den australesche Reptiliepark Crocosaurus Cove zu Darwin matdeelt, deen och den Doud vum Déier bekannt ginn huet. “De Burt war wierklech eenzegaarteg”, sot eng Spriecherin vum Park dem Sender ABC Australia géigeniwwer. “Hie war eng Naturgewalt an e Symbol vun der Kraaft an der Dignitéit vun dësen immense Kreaturen.”

De Burt wier ronn fënnef Meter laang gewiescht an hätt eng 700 Kilogramm gewien. Gefaange gouf d’Reptil 1980 am Floss Reynolds a gouf dowéinst nom US-Acteur Burt Reynolds benannt. Hien hätt schonn ëmmer Hollywood am Blutt gehat, huet d’Spriecherin vum Park weider betount.

Ze gesi war de Burt am Film aus dem Joer 1986. An der Zeen rett d’Haaptfigur Mick, also den “Crocodile Dundee”, dee vum Paul Hogan gespillt gëtt, d’New Yorker Journalistin Sue Charlton virum enorme Krokodil. Nach haut gëllt “Crocodile Dundee” als den erfollegräichste Film aus Australien. Am Land liewe geschat 200.000 Salzwaasserkrokodiller, déi am Schnëtt 70 Joer al ginn.