Wéi aus dem Policebulletin ervirgeet, koum et en Donneschdeg zu enger Rei Abréch an op d’mannst engem Abrochversuch an Autoen.

Deemno krut d’Police owes e Mann gemellt, deen an der Stad an der Rue de Neudorf versiche géif, Autosdieren opzemaachen. Duerno wier en a Richtung Clausen gaangen, d’Police konnt de Verdächtegen allerdéngs méi spéit stellen. Am Kader vun den Ermëttlunge konnten ausserdeem nach zwee weider Gefierer ermëttelt ginn, déi duerchwullt goufen. Géint de presuméierten Täter gouf op Uerder vum Parquet Protokoll erstallt.

D’Police weist an dësem Kontext op eng Rei Tuyauen hin, mat deenen ee sech präventiv virun Abréch an Autoe schütze kann.