Um Parking “Dicke Buche” kuerz hannert der Lëtzebuergesch-Däitscher Grenz a Richtung Tréier kontrolléiert d’Bundespolizei Autoen, déi an d’Land erafueren.

Weider wieren och mobil Ekippen um Terrain ënnerwee, déi ëmmer nees stéchproufaarteg mobile Kontrolle ronn 30 Kilometer an d’Land era maachen.

Wéi et an engem Schreiwes vun der däitscher Police heescht, kënnen all d’Automobilisten dobäi hëllefen, datt dës Kontrolle manner Impakt op de Verkéier am Grenzberäich hunn. Dofir hu si verschidde Punkten opgelëscht:

  • D’Automobiliste sollen op e richtegt Verhalen oppassen, grad beim Tirettesystem
  • D’Automobiliste solle kee groussen Espace beim Ufuere loossen
  • D’Automobiliste solle scho fréi op d’Zeechen an d’Instruktioune vun de Beamte reagéieren
  • D’Automobilisten an d’Leit am Auto solle hir Dokumenter (Carte d’identité oder Pass) bereet hunn