
Et war ganz vill hin an hier am belsche Loftraum. En Dënschdegowend war de Bréisseler Flughafen Zaventem wéinst Dronen zweemol gespaart ginn.
Déi éischt Dron war kuerz virun 20 Auer detektéiert ginn. Vun 20 Auer un hunn du keng Volle méi dierfte starten a landen. Kuerz virun 21 Auer ass dunn och eng Dron zu Léck gesi ginn an doropshi gouf och do de Loftraum zougemaach.
Déi belsch Autoritéite schreiwe vir, datt am Fall, wou eng Dron iwwer dem Territoire vun engem Flughafen ass, de Loftraum eng hallef Stonn zougemaach gëtt. An där Zäit gi weider Observatioune gemaach a wann näischt Ongewéinleches festgestallt gëtt, da geet de Loftraum erëm op. Dat war och kuerz virun 21.30 Auer de Fall bis um 21.45 Auer zu Bréissel erëm alles huet misste gespaart ginn.
D’Volle sinn op Maastricht deviéiert ginn, wou dem belsche “Le Soir” no och Drone waren an duerno sinn déi Fliger, déi an der Loft waren, zu Charleroi gelant.
Géint 23.30 Auer en Dënschdeg den Owend koum dunn nees Entwarnung an de Loftraum zu Bréissel ass erëm opgaangen.
Lëtzebuerg hat Hëllef ugebueden
Op Nofro hi sot de CEO vu Luxairport, den Alexander Flassak, datt Lëtzebuerg de Belsch seng Kapazitéite matgedeelt huet, fir datt och Fliger heihinner kéinten deviéiert ginn.
Eng Maschinn war och ugemellt, gouf awer erëm annuléiert, wéi de Loftraum no der éischter Alerte erëm opgaangen ass.
De CEO vun der Luxair, de Gilles Feith confirméiert, datt déi Dronen, déi an de leschte Wochen ëmmer erëm am europäesche Loftraum opdauchen, enger Fluchgesellschaft duerchaus Suerge maachen.
Déi national Fluchgesellschaft huet zum Beispill misste Vollen annuléieren, respektiv et si Maschinne mat Verspéidung gelant, wéi rezent Dronen zu Kopenhagen a Berlin gesi goufen.
Zu Lëtzebuerg goufe bis elo keng Dronen detektéiert, wéi de CEO vu Luxairport géint 21.30 Auer vis-à-vis vun RTL sot.