E Freideg huet fir d’Lëtzebuerger Futtballnationalekipp vun den Dammen déi nei Campagne an der Nations League ugefaangen.
No enger schwaacher éischter Hallschent louchen d’Rout Léiwinnen 0:2 géint Kasachstan hannen. No der Paus konnt d’FLF-Formatioun sech steigeren an esou konnte si duerch Goler vu Marta Estevez Garcia (Eelefmeter) a Laura Miller nach ausgläichen a sech ee Punkt géint Kasachstan fir den Optakt vun der Nations League sécheren.
Fir den Trainer Dan Santos waren d’Dammen aus dem Kasachstan d’Favoritinne fir den Optakt vun der Campagne am Grupp 3 vun der League C an der Nations League. An et waren dann och d’Gäscht, déi um Escher Gaalgebierg an der Ufanksphas geféierlech waren. D’Lucie Schlimé huet awer e Fräistouss vum Myasnikova excellent gehalen. D’Rout Léiwinnen hu kuerz drop mat engem Fräistouss vum Marta Estevez Garcia reagéiert, ma och dee sollt net eragoen. Et war kee gudde Match op engem schlechten Terrain. Et gouf vill Feeler am Spillopbau bei béiden Ekippen an och wéineg Chancen. Den 0:1 ass dann och aus dem Näischt gefall. No engem laange Ball no vir vun de Kasachinnen huet déi ganz Lëtzebuerger Defense geschlof, d’Lucie Schlimé am Lëtzebuerger Gol huet gezéckt an d’Nizamutdinova konnt an der 34.Minutt erasetzen. Siwe Minutte méi spéit gouf et déi nächst Aktioun vun de Kasachinnen. Et war bal eng Kopie. Eng einfach Pass ass duergaangen an et stoung 0:2, dat erëm duerch d’Nizamutdinova. Mat deem Resultat ass et an d’Paus gaangen.
Eng Paus, déi den Dan Santos genotzt huet, fir seng Formatioun nei anzestellen an dat ugeschloent Caroline Jorge anzewiesselen. An d’Rout Léiwinne si wéi ausgewiesselt aus de Kabinne komm. Nom engem Feeler vum Myasnikova am Strofraum op d’Amy Thompson huet d’Marta Estevez Garcia per Eelefmeter op 1:2 gesat. Do ware 50 Minutte gespillt. D’Lëtzebuergerinne waren iwwerleeën. Dem Caroline Jorge säi Fräistouss 10 Minutte méi spéit hat nach kee Succès. Mee an der 73.Minutt huet d’Laura Miller no engem Gewulls am Strofraum d’Partie ausgeglach. D’Rout Léiwinnen hunn alles probéiert, mee krute sech keng grouss Chancë méi erausgespillt. Um Enn ass et beim 2:2 bliwwen.
Déi aner Partie am Grupp huet Armenien mat 6:1 géint Liechtenstein gewonnen. D’Rout Léiwinnen hoffen dann och den nächsten Dënschdeg an hirer zweeter Partie op eng Victoire géint Liechtenstein. RTL iwwerdréit och dëse Match vun 20 Auer un.